· 

#Satir | Den neie Luc endlech am Elysée-Palais

Eng politesch Operette an e puer Akten

An senger Wut-Ried op der Münchener Sécherheetskonferenz de 15. Februar 2025 huet den US Vizepresident J.D. Vance den Europäer virgeworf, ëmmer manner demokratesch ze ginn. Virdrun hat den US-President Donald Trump annerhallef Stonn laang mat sengem russesche Kolleeg Vladimir Putin telefonéiert an en Treffen an noer Zukunft ugekënnegt fir iwwer d'Ukrain ze diskutéieren.

Kaum hat den Trump agehaang, huet de franséische President Emmanuel Macron all Regëster gezunn fir e Géige-Sommet zum geplangten Treffen tëscht den USA a Russland de 17. an 18. Februar a Saudi Arabien ze organiséieren. De Macron huet d'Regierungscheffe vun de wichtegsten europäesche Militärmuechten - Groussbritannien, Italien, Polen, Spuenien, Holland, Dänemark - souwéi den NATO-Generalsekretär Mark Rutte, den EU-Rotspresident Antonio Costa an d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen fir de 17. Februar op Paräis invitéiert. Op der Dagesuerdnung stoung, esou wéi bei den Amerikaner an de Russen, d'Ukrain. 

Ironescherweis war den ukrainesche President selwer net um Verhandlungsdësch zu Paräis, obwuel d'EU stänneg betount, datt et "Keng Verhandlungen iwwer d'Ukraine ouni Ukraine" ginn.

De Lëtzebuerger Premier Luc huet sech zu déifst beleidegt gefillt, well hie keng Invitatioun fir an den Elysée-Palais krut. Ausgerechent Lëtzebuerg, dat esou vill franséisch Frontalieren beschäftegt an sou zimlech alles kopéiert, wat Frankräich ze bidden huet, inklusiv der Sprooch, huet sech op déi iwwelst Manéier hannergaange gefillt. An dann dëse Faux pas vum Macron! Dobei ka Lëtzebuerg esou vill an de Krich géint Russland abréngen: eng richteg Arméi, wann och eng, déi komplett an den eegene Militärtransportfliger passt, e puer Jeepen, e Militärsatellit, deen zwar kee bedénge kann, mee trotzdem - Lëtzebuerg huet en, an dann d'Luxair, d'Cargolux an d'Marie-Astrid.

De neie Luc ass virun d'Press getrueden an huet kee Blat virun de Mond geholl, wéi e seng Roserei op de franséische President ëffentlech gemaach huet. De franséische President, offensichtlech en opmierksam Lieser vun der Lëtzebuerger Press, huet prompt reagéiert a fir den 19. Februar e weidere Mini-Sommet am Elysée-Palais aberuff. Dës Kéier present: de neie Luc vu Lëtzebuerg an de rumäneschen Interimspresident Ilie Bolojan. All déi aner hunn sech missten domat offannen, per Video zougeschalt ze ginn, ausser Ungarn, d'Slowakei, Éisträich a Malta, déi léiwer ewech bleiwe wollten. Och dës Kéier war d'Ukrain net vertrueden.

De neie Luc, ee vun den zwee Staatschefen, déi um Mini-Sommet vertruede waren, ass nom 60 Minute laange Kaffisklatch op en Neits virun d'Press getrueden an huet kämpferesch erkläert: "Et war d'Stonn vun Europa, a mir entscheede selwer iwwer eis Zukunft." Mat engem gutt plazéierte Coup a Richtung Washington, Moskau a Kiew huet hie präziséiert: "Dofir war et gutt, datt de President Macron eng ganz Rëtsch vun entscheedende Politiker zesummebrénge konnt."

Resolut huet den neie Luc bestätegt: "Ech gleewen net, datt e Waffestëllstand oder Fridden eng Léisung sinn. Mir brauche Krich a mussen dofir nach méi Suen an d'Oprüstung stiechen."

Europäesch Diplomatie an Toppform: Kaffiskränzecher, déi als Gipfeltreffen deklaréiert ginn an wou déi grouss Entscheedungen um Verhandlungsdësch vun der Jalousie geholl ginn.


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0