· 

Denkmalgeschützt an awer zum Verfall veruerteelt

E Bauerenhaff kämpft géint Wand, Wieder a Bürokratie

Zënter dem 3. Juli 2024 steet dee bekannten 250 Joer ale Bauerenhaff zu Äischer (Enscherange) an der Gemeng Kiischpelt ënner Denkmalschutz. Mä amplaz a neiem Glanz ze erstalen, mutéiert en ëmmer méi zu enger zerbriechlecher Ruin - déi ideal Kuliss fir en düsteren Horrorfilm, awer net grad dat, wat een sech ënnert engem architektonesche Bauierwe virstellt, dat fir zukünfteg Generatiounen soll erhale bleiwen.

▲Zanter dem 3. Juli 2024 denkmalgeschützt. Den Dag fällt an, d'Façade bréckelt of.
▲Zanter dem 3. Juli 2024 denkmalgeschützt. Den Dag fällt an, d'Façade bréckelt of.

Als Patrimoine national genéisst de Bauerenhaff zu Äischer dee selwechten héije Status wéi d'Stater Gare, d'Glaciskapell oder d'Veianer Schlass. Awer wärend dës Gebaier versuergt a gepuddert ginn, schéngt eisen aarme Bauerenhaff just als Foussnout vun der Geschicht ze endegen.

Luxembourg Jungle huet e puer Mol op de katastrofalen Zoustand vum Bauerenhaff higewisen. Wand, Reen, Hëtzt a Keelt maachen de Rescht, ma de Kulturministère léisst sech net aus der Rou bréngen. Op Ufro huet de Kulturminister Eric Thill de 5. August 2024 folgend berouegend Wierder geäntwert: "No Ärer E-Mail vum 18. Juni 2024 kann ech bestätegen, datt de Bauerenhaff op 10, Ënnescht Duerf zu Enscherange duerch Arrêté ministériel vum 3. Juli 2024 als Patrimoine culturel national klasséiert gouf. De Propriétaire gouf vu mir opgefuerdert, déi néideg Aarbechten ënner der Opsiicht vum Institut national pour le patrimoine architectural - lNPA auszeféieren."

Wéi berouegend! Den 1. Oktober 2024 gouf de Ministère nach eng Kéier drun erënnert, datt den denkmalgeschützten Haff amgaang ass an sech zesummenzefalen. Fotoen, déi de Verfall dokumentéieren, goufen dem Schreiwes bäigeluecht. D'Äntwert? Komplett Rou am Bësch. Eng Baatsch fir d'Lächer am Daach ofzedichten? Näischt. Anscheinend muss aus dem Bauerenhaff fir d'éischt ee Schlass oder eng Villa gemaach gi, fir eescht geholl ze ginn.

Vläicht huet et eppes mat der Tatsaach ze dinn, datt d'Baueren laang Zäit als "Zweetklass-Leit" ugesi goufen an hir Haiser manner prestigiéis ware wéi d'Villaen vun der Stater Uewerklass. Dëse Gedanke schéngt déif an de Käpp vun eise Beamten verankert ze sinn. Mee hinne soll gesot ginn: Bauerenhäiser sinn och Deel vun eisem kulturelle Patrimoine a sollen als solches geschützt an erhale ginn - net nëmme aus nostalgesche Grënn, mee si sollen als historesch Ierwen fir déi kommend Generatiounen déngen.

Mat Chance bréngt den Hochscheunenhaff et enges Daags fäerdeg, aus sengem ruinösen Dasein eraus ze kommen, mee bis dohinner bleift e wuel eng Tragikomedie am Häerz vum Kiischpelt.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0