Schéin um Pabeier, erbäermlech an der Ëmsetzung
Dëse Bauerenhaff aus dem fréien 18. Joerhonnert steet ënner Denkmalschutz. E genéisst also de selwechte Status wéi d'Veianer Schlass oder d'Kathedral. Mee géife mir dës Gebaier an esou engem deplorablen Zoustand loossen?

Den Hochscheunenhaff zu Äischer (Enscherange), gebaut Ufank vum 18. Joerhonnert, ass en typescht Beispill fir d’ländlech Architektur am Éislek. Am Juli 2021 gouf eng Demande un déi deemoleg Kulturministesch Sam Tanson (déi Gréng) geschéckt, fir den Haff ënner Denkmalschutz ze stellen an en esou fir déi kommend Generatiounen als kulturellt Bauierwen ze erhalen.
Ënnert der grénger Kulturministesch ass näischt geschitt – ausser datt si den Dossier kuerz virun de Chamberwalen vum 8. Oktober 2023, iwwer zwee Joer nodeems d'Demande an hirem Ministère eragaangen ass, un d’staatlech Commission pour le patrimoine culturel (COPAC) weidergeleet huet. Opgrond vum positiven Avis vun der COPAC huet de neie Kulturminister Eric Thill (DP) den 12. Februar 2024 eng Intention de classement decidéiert. Den definitive Klassement vum bal 300 Joer alen Haff gouf den 3. Juli 2024 iwwer Arrêté ministeriel festgeluecht.
Zu deem Zäitpunkt war d’Bauwierk schonn an engem kriteschen Zoustand. De Minister gouf regelméisseg mat Fotoen iwwert de Verfall informéiert. Zwee Mol huet den Eric Thill a quasi identesche Bréiwer vum 5. August a vum 20. Dezember 2024 geäntwert, de Proprietär wär opgefuerdert ginn, déi néideg Aarbechten an Ugrëff ze huelen, fir d’Bauwierk astand ze setzen an ze verhënneren, datt et zesummefällt.
Nom Wanter bitt sech en trauregt Bild: Den Zoustand vum Haff ass erbäermlech – obwuel en ënner Denkmalschutz steet. U wat oder weem hänkt et? Um Proprietär? Um politesche Wëllen? Um neien Denkmalschutzgesetz vun 2022, dat zwar als Meilesteen gefeiert gouf, sech awer am Nachhinein als Pabeiertiger erausstellt?
Och interssant:
Kommentar schreiben