Lëtzebuerg ass an der FÉckmillchen
Déi modern Diplomatie huet en neie Stadium vun Effizienz erreecht – keng laang Verhandlungen, keng penibel Sëtzungen hannert zouenen Dieren, a keng komplizéiert Protokoller méi. Via X (Ex-Twitter) hu Ruanda an d’Belsch gëschter hir diplomatesch Bezéiungen kurz und schmerzlos ofgebrach. Lëtzebuerg ass lo an der Bredouille: Bréissel liken oder Kigali retweeten?
Während iwwer 60 Joer haten d’Belsch a Ruanda diplomatesch Bezéiungen. Dës goufe gëschter via X (Twitter) op en Enn bruecht: séier, brutal, dem digitalen Zeitalter entspriechend.
Den Ausseminister vu Ruanda huet d'Drama ageleet mat engem kuerzen, schaarfen Tweet: "Et ass eriwwer! Mir briechen eis Relatioun mat der belscher Monarchie of – et war ze ustrengend.“ Kuerz drop huet de belsche Pendant mat engem eegenen Tweet gekontert: "Mir bedaueren dem Ruanda seng Decisioun. All ruandesch Diplomaten an der Belsch sinn elo och persona non grata.“ Zack, fäerdeg! Keen Telefonsgespréich, keng diplomatesch Note, net emol en Austausch vu Kräisch-Smileyen.
D’sozial Medien schéngen sech definitiv als Schluechtfeld vun der internationaler Diplomatie etabléiert ze hunn, a Lëtzebuerg muss sech elo entscheeden: Bréissel liken oder Kigali retweeten?
Lëtzebuerg an der Féckmillchen
Lëtzebuerg sëtzt zwëschen zwee Still. Wirtschaftlech feiert déi Schwaarz-Blo-Regierung de Finanzplaz-Projet zu Kigali als gëllent Kallef, wärend historesch a familiär Relatiounen vun den zwee Herrscherhaiser d'Belsch zanter éiweg zu engem enke Verbündete vu Lëtzebuerg maachen. Fir déi, déi d’Nostalgie gären hunn: De Grand-Duc Henri an de Philippe, Roi des Belges, si Cousinen – jo, Lëtzebuerg ass familiär duerch d'Hochzäit vum Henri sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, mat der belscher Prinzessin Joséphine-Charlotte, der Schwëster vum Kinnek Albert II., dem Papp vum Kinnek Philippe, ganz enk mat Bréissel verbonne. Awer d’Lëtzebuerger Regierung ass mat der Finanzplaz Kigali bestued.
D’Gebuertsstonn vum Multilateralen Opportunismus
Fir ze verstoe, wéi Lëtzebuerg elo navigéiert, ass et wichteg ee klenge Réckbléck op de 24. Februar 2025 ze maachen. Deen Dag koumen zu Bréissel d’EU-Ausseministeren fir ee formelle Conseil zesummen, wou Sanktiounen géint Ruanda an déi vum Ruanda gesponsert Terrorgrupp M23 wéinst der Besetzung vun Deeler vum Kongo an der Verletzung vun de Mënscherechter diskutéiert goufen. Als eenzegen EU-Memberstaat huet Lëtzebuerg dës Sanktioune blockéiert, eng Decisioun, déi bannent der EU a virun allem bei der Belsch fir Oprou gesuergt huet.
De lëtzebuergeschen Ausseminister Xavier Bettel huet an der Chamber beschwichtegt: “Mir hu näischt verbrach. Mir handelen aus Iwwerzeegung ... an aus wirtschaftlechem Wäitbléck.“
Nodeems dunn awer Ruanda seng diplomatesch Relatioune mat der Belsch ofgebrach huet, an d’Belsch Géigemoossnamen ugekënnegt huet, geréit Lëtzebuerg ëmmer méi ënner Drock: Fir wat fir eng Säit soll et sech entscheeden? An enger Krisesëtzung hu Politiker vun alle Fraktiounen iwwert d'Situatioun debattéiert, wärend de Grand-Duc, als Oberbefehlshaber vun der Arméi, domat gedréit huet, Truppen an de Ruanda ze schécken. Och de Kinnek vun de Belsch, ebenfalls Chef vun der Arméi, huet ähnlech Drohungen ausgesprach.
Lëtzebuerg féiert dorops hinn de Begrëff vum "Multilateralen Opportunismus“ an – well Lëtzebuerg huet et nach ëmmer fäerdeg bruecht, sech derduerch ze schlängelen a verschiddenen Hären ze déngen.
Mat jidderengem Kolleeg sinn
No laangem Hin an Hier, annoncéiert d'Lëtzebuerger Regierung d’Grënnung vum "Institut fir Multilateralen Opportunismus“ (IMO) un. Hei léiere lëtzebuergesch Diplomaten, op zwou Hochzäiten ze danzen an zwee total verschidde Interessen ënnert een Hutt ze kréien. D’Institut bitt och Workshops fir aner Staaten un.
An der Causa Ruanda refüséiert Lëtzebuerg, sech op eng Säit ze schloen, a presentéiert sech houfreg als neutral Bréck tëscht Kigali a Bréissel – zur grousser Iwwerraschung vum Rescht vun der Welt.
Lëtzebuerg huet sech op déi Manéier nees als Champion am Opportunismus bewäert. A wee wees: Vläicht kéint d'Iddi vum multilateralen Opportunismus jo wierklech e goussen Export-Schlager ginn.
Och interessant:
Kommentar schreiben