Wéi steigend Stroumpräisser eis aarm maachen
Den Direkter vun Encevo huet haut "formidabel" Neiegkeeten ugekënnegt: vum Januar 2025 un klëmmt de Stroumpräis ëm 30%. Woumat hien eigentlech just dat bestätegt huet, wat mir all scho wossten. Awer dat ass nëmmen d'Halschent vun der Wourecht.
Pünktlech fir d'Wantersolden offréiert Encevo eis en extra flotte "Cadeau" mat 30%... Supplément, natierlech. Hurra! Dat alles fir déi bescheiden Zomm vun 250 bis 300 Euro d'Joer pro Stot méi, eng "Klengegkeet", déi vum Direkter op RTL miniméiert gëtt. E Schnäppchen, gell Diert?
Laut hirem Joresrapport huet Encevo d'lescht Joer 171 Milliounen Euro Befefice gemaach, eng Erhéijung vun 60% am Verglach zum Joer virdrun. Mee dat geet anscheinend net duer! Mat der Präishausse vun 30% wäerten déi 283.400 Lëtzebuerger Stéit nach emol zousätzlech tëscht 71 a 85 Milliounen Euro an d'Keess vun Encevo eraspullen. Natierlech wëll Encevo sech dës extra Recetten net laanscht d'Nues goe loossen! Well bei Encevo funktionnéiert ee nom Prinzip "Die Masse füllt die Kasse". A mat 74,52% vun den Aktien, déi vun der ëffentlecher Hand gehale ginn, reift sech de Finanzminister d'Hänn wann déi nächst Dividenden ausbezuelt ginn. Eng flott win-win Situatioun.
Dat ass nach net alles!
Awer opgepasst, dëst ass nëmmen d'Halschent vun der Wourecht. Nieft den zousätzleche Käschten fir de Stroum, ginn Stéit mat enger Abberzuel vun indirekte Präiserhéijungen konfrontéiert. De Bäcker bezilt 30% méi fir de Stroum vu sengem Uewen. Geschwënn kascht eist deeglecht Brout sou vill wéi Kaviar. An an de Supermarchéen? D'Frigoen an d'Tiefkühlere lafen, wat bedeit, datt eis gefruere Fritten zu engem Luxusartikel wäerte ginn.
Mee dat ass net alles! D'Lagerung an d'Logistik wäerten och méi deier ginn, och fir den energieintensive Stockage vun de Medikamenter. Gesondheet gëtt no an no e Luxus fir déi Räich.
Energie spueren? Glécklecherweis gëtt et elo Wanter. Mir kënnen op de Frigo verzichten an einfach d'Fënster opmaachen fir eis Iesswueren ze killen.
Merci, Encevo, dass du eis weis wéi d'Liewe vun sou ville Leit mat enger einfacher Präiserhéijung méi schwiereg gëtt. Mir freeën eis schonn op déi nächst Iwwerraschung!
Kommentar schreiben