· 

Vun EU-Fändelen an anere Wourechten a Serbien

Wéi d’Wort mat selektiver Berichterstattung d’Realitéit no sengem Goût upasst

Während d’Chefredactrice vum Wort an engem Interview mat sech selwer d’Fortschrëtter vun der eelster Lëtzebuerger Dageszeitung lueft an ënnersträicht, datt hir Journalisten kritesch an onofhängeg bleiwen, huet de Bréisseler Korrespondent vum Wort zwou Wochen drop een Artikel publizéiert, deen éischter no Propaganda wéi no kritescher Berichterstattung kléngt. Wat fir eng redaktionell Linn verfollegt d’Wort?

Am Selbstgespréich vum 4. Mäerz 2025, warnt d’Wort-Chefredacrtrice virun Akteuren, “déi ganz bewosst versichen, d’Grenzen tëscht Fakten a Propaganda opzeweechen.” Ob si domat wuel hiren eegene Bréisseler Korrespondent gemengt huet? Deen huet en Artikel mam Titel “Massenproteste in Serbien: Dass in Belgrad keine EU-Flaggen wehen, ist ein Armutszeugnis” geschriwwen – en Text, deen nëmmen esou vun Arroganz strotzt.

De “Fändelsflüsterer” vu Bréissel weist sech entsat, dass serbesch Demonstranten keng EU-Fändelen matbruecht hunn, obwuel si fir méi Demokratie a manner Korruptioun protestéiert hunn, si géifen d’EU offensichtlech net méi als Alliéierten ugesinn.

Vläicht ware bei de Protester zu Belgrad keng EU-Fändelen ze gesinn, well de Wand aktuell net aus Bréissel bléist. Wat huet d’EU dann ze bidden ausser Oprëschtung, Krichsvirbereedungen, Krisewirtschaft a Scholden? Zanter 16 Joer waart Serbien op Fortschrëtter am EU-Bäitrëttsprozess - ausser dem Statut als Bäitrëttskandidat am Joer 2012, ass näischt geschitt. D’Türkei waart iwwregens schonn zanter 26 Joer op Bäitrëttsverhandlungen.

Amplaz e fairen Dialog ze féieren, trëppelt d’EU Serbien permanent op d’Féiss, mëscht sech a seng intern Ugeleeënheeten an a gëtt de Kommando un - net onbedéngt déi bescht Method fir Vertrauen opzebauen. An der Kosovo-Fro, enger Regioun, déi Serbien als Deel vu sengem Staatsgebitt betruecht, stellt d’EU sech systematesch op d’Säit vum autoproklamméierte Staat Kosovo –obwuel d’UNO d’Onofhängegkeet vum Kosovo net unerkennt.

D'Bombardementer vun 1999 sollen net "ausgeschluecht" ginn

De Wort-Journalist erkennt zwar un, datt d’NATO-Bombardementer vun 1999 op Serbien “eng gewëss Skepsis” hannerlooss hunn, werft Serbien awer gläichzäiteg vir, dës “politesch auszeschluechten”. An anere Wierder: Serbien soll esou maachen, wéi wann et dës Bombardementer ni ginn hätt. Bei der “Operation Allied Force”, déi ouni UNO-Mandat an domat géint d’Vëlkerrecht duerchgefouert gouf, si ronn 4.000 Serben ëm d’Liewe komm. A well d’NATO bei senger “Friddensmissioun” Uran-Munitioun agesat huet, leiden d’Leit nach haut un de Suitten vun der Radioaktivitéit. Dernieft sinn en etlech Brécke, Stroosse, Fabriken an Energieinfrastrukture an de Koup gebommt ginn. Serbien virzewerfen, dësen Ugrëff “auszeschluechten” ass de mauvais goût. No dëser Logik misst Lëtzebuerg all Gedenkfeieren un d’Ardennenoffensive vu virun 80 Joer ofschafen.

Déi serbesch Regierung als “Clique” ze bezeechnen, ass fir eng Zeitung, déi sech als seriöst Leitmedium versteet, onpassend. Esou Bewäertungen liest een iwwregens ni iwwert d’ukrainesch Regierung an hire President Zelensky, deem säi Mandat – entgéint dem gewielte serbesche President - zanter engem Joer ofgelaf ass an deen sech vehement géint d’Ofhale vu Wale wiert. Obwuel d’Korruptioun an der Ukrain eng unerkannt Tatsaach ass, gëtt se an de Spalte vum Wort ignoréiert. Souguer de fréiere lëtzebuergesche Premier a Kommissiounspresident vun der EU, Jean-Claude Juncker, huet an engem Interview mat der Augsburger Allgemeinen vum 5. Oktober 2023 festgestallt: “Wer mit der Ukraine zu tun gehabt hat, der weiß, dass das ein Land ist, das auf allen Ebenen der Gesellschaft korrupt ist.” Amplaz gëtt d’Ukrain meeschtens als Musterbeispill fir Demokratie a Mënscherechter duergestallt.

D'Serben sinn déi Béis, d'EU sinn déi gutt

D’Wort werft dem fréieren DP-Premierminister Xavier Bettel vir, déi serbesch Premierministesch – déi d’Wort als “Marionette” bezeechent - bei hirem Besuch zu Lëtzebuerg am September 2019 net kritiséiert ze hunn. Mee am Eescht: Huet Lëtzebuerg bei engem Staatsbesuch je eng Kéier Kritik u senge Gäscht geäussert?

De Wort-Journalist kritiséiert Serbien wéinst dem Verletze vun der Pressefräiheet, der Diskriminatioun vu Minoritéiten, de Provokatiounen géintiwwer dem Kososvo, der Korruptioun an der Wahlfälschung. A sengem eurozentreschen Äifer vergësst de Bréisseler Wort-Korrespondent awer, datt och an der EU nach laang net alles Gold ass, wat glänzt. Wéi steet et ëm d’Pressefräiheet an Ungarn, Polen oder Malta?

Wat de Schutz vu Minoritéiten ubelaangt, huet Serbien effektiv e Problem mat der Diskriminéierung vun der Roma-Gemeinschaft. Lëtzebuerg steet op deem Punkt awer keng Grëtz besser do, wat vum Wort-Journalist ausgeblend gëtt. Zanter Jore gëtt zu Lëtzebuerg Juegd op Romaen gemaach, déi duerch Platzverweiser an Heescheverbuet systematesch verdriwwen an erniddregt ginn.

Serbien kritt vum Wort de Virworf gemaach, mat Provokatiounen d’Spannungen mam Kosovo ze verschäerfen. Et ass festzestellen, dass Provokatiounen op Géigesäitegkeet berouen. Och de Kosovo provozéiert, wéi zum Beispill déi rezent Fuerderung, dass serbesch Autoen am Kosovo kosovaresch Nummereschëlder droe mussen.

An d'Korruptioun an der EU?

Wat d’Korruptioun ubelaangt, sou ass dat net nëmmen e Problem a Serbien. D’EU-Institutiounen, fir déi sech de Bréisseler Wort-Korrespondent sou staark mécht, sinn net grad ee Virbild. Erënnert sief un de “Qatargate-Skandal”, wou Memberen vum Europaparlament, dorënner d’Vizepresidentin Eva Kaili, Schmiergelder aus dem Katar entgéint geholl hunn fir politesch Decisiounen ze beaflossen. Ënnert der Leedung vum Lëtzebuerger Jacques Santer ass 1999 déi ganz EU-Kommissioun zréckgetrueden, nodeems d’Virwërf vu Mësswirtschaft a Korruptioun net méi ze verstoppe waren. Déi aktuell Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen, huet de Pelz voller Fléi. Si huet scho méi wéi ee Korruptiounsskandal hannert sech, ugefaangen an hirer Zäit als Ministesch an Däitschland bis bei de Pfizer-Skandal bei deem et ëm 35 Milliarden Euro geet. Och den aktuelle Rotspresident Antonio Costa steet am Verdacht, zu senger Zäit als portugiesesche Premierminister, korrupt gewiescht ze sinn. Vetternwirtschaft, de Mangel un Transparenz a systematesch Vertuschung gehéieren an der EU quasi zum Standardrepertoire.

Wahlen a Serbien: Just déi hallef Wourecht

Natierlech däerf am Wort-Artikel de Virworf vum “Walbedruch” net feelen. Tatsächlech koum et bei de Walen vum 17. Dezember 2023 an 30 vun 8.000 Wahllokaler zu Onreegelméissegkeeten. Wat de Wort-Journalist sénge Lieser allerdéngs verheemlecht ass, datt d’Wahlen an dësen 30 Wallokaler widderholl goufen – ouni déi geréngsten Auswierkungen op d’Gesamtresultat ze hunn. Dem serbesche President Aleksander Vučić seng Partei SNS (Serbesch Fortschrëttspartei) kënnt op 46,7 Prozent, d’Oppositiounsbündnis “Serbien géint Gewalt” op 23,5 Prozent.

Ma dovu liest een am Wort näischt. Dës selektiv Berichterstattung féiert zu enger Informatiounsverzerrung, déi enger seriöer Zeitung onwürdeg ass.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0