· 

#Satir | Lëtzebuergesch am Europaparlament

Kee versteet d‘ADR

Am klenge Groussherzogtum Lëtzebuerg, wou kaum méi Leit wunnen wéi an ee gréisseren Outletzenter wärend de Solde passen, suergt den ADR-Europadeputéierten Fernand Kartheiser fir Opmierksamkeet - an Opreegung. Am Europaparlament wëllt hie just nach Lëtzebuergesch schwätzen. Mee wien versteet hien eigentlech?

D‘Lëtzebuerger Sprooch, déi vu ronn 275.000 Leit geschwat gëtt - wat ongeféier der Bevëlkerung vu Metz entsprécht - soll elo d'Häerzer an d'Ouere vun den Europadeputéierte gewannen.

Wéinst deem limitéierte Vokabulär gëtt am Lëtzebuergeschen nawell gären op däitsch a franséisch Lehnwierder zréckgegraff. Woumat Lëtzebuergesch sech als perfekt Sprooch fir diplomatesch Verwirrung eegent.

De Fernand Kartheiser, eisen dapere Ritter vun der Lëtzebuerger Sprooch, zitt an de Kampf géint déi sproochlech Dominatioun vum Engleschen a virun allem vum Franséischen. Hie wëllt am Europaparlament just nach Lëtzebuergesch schwätzen.

Wärend seng Parteikollegen Keup a Weidig Bicher op Däitsch erausginn, kämpft de Fernand fir d'Unerkennung vun eiser Sprooch, déi ausserhalb vu Lëtzebuerg kaum ze héieren ass. Dat huet eis als Lëtzebuerger - loosse mer éierlech sinn - ëmmer ee Virdeel verschaaft wa mer am Ausland oder an der Vakanz waren. Mir konnten ongenéiert iwwer aner Touristen oder d’Lokalbevëlkerung hirfalen, se beschäissen ouni verstanen ze ginn. D’Lëtzebuergescht, eis Geheimsprooch. Mee dat ass elo eriwwer, dank dem Fernand.

Lëtzebuergesch, déi nei lingua franca

D'Confusioun am Europaparlament war grouss, wéi de Fernand déi éischte Kéier d'Wuert ergraff huet an op Lëtzebuergesch geschwat huet. Ausser de fënnef anere lëtzebuergeschen Deputéierten huet keen hie verstanen. D‘Deputéiert hunn all no hire Kopfhörer gegraff an an hiren Iwwersetzungsappen gescrollt - ouni Erfolleg. Dobei hat de Fernand un alles geduecht: virun der Plénière huet hie Flyeren mat de wichtegste lëtzebuergesche Wierder verdeelt an hie bitt elo och extra Coursen am Lëtzebuergeschen fir Ufänger un.

D'Integratioun ass just eng Fro vu Sprooch, huet de Fernand sech gesot. A wann déi 720 aner Deputéiert sech wierklech wëllen integréieren, brauchen si just Lëtzebuergesch ze léieren. Einfach wéi Bonjour, gell?

D’Chance, datt dem Fernand seng Missioun geléngt, ass éischter kleng. Eng Saach ass sécher: hien huet scho fir méi Gespréich gesuergt wéi déi meescht vu senge Kollegen. A wee weess, vläicht gëtt d’Lëtzebuergescht enges Daags déi nei lingua franca, d' "langue véhiculaire" vun der EU – oder op d’mannst d’Sprooch vun de Mëssverständnisser.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0