Well deng Sonndespläng komplett irrelevant sinn
"Haut um Sonndeg extra fir Iech op!" Wéi besuergt d’Geschäftsleit dach ëm mech sinn. Si maachen haut extra fir mech op. Endlech erkennt mol iergendeen, datt ech um Sonndeg dréngend nei Miwwele brauch oder op der Sich no engem interessante Schnäppche sinn?
Wouhier déi dat wuel wëssen? Wouhier wëssen déi, datt ech léiwer duerch ee Shopping Center flanéieren amplaz ee gemittlechen Dag doheem ze verbréngen? Stécht éieren eng geheim Maartfuerschung derhannert, mat där meng Sonndespläng bis an de klengsten Detail analyséiert goufen?
Do fillt een sech jo richteg geschmeechelt. Et ass bal esou, wéi wann si just op mech géinge waarden. Haut um faule Sonndeg, wou ech eigentlech doheem an der Fotell mat engem gudde Buch entspane wollt, rullen s'engem de rouden Teppech aus. Wie kann do schonn Nee soen, wann de Shoppingzenter sech schonn d’Méi mécht an extra fir mech seng Dieren opmécht?
De Marketing Service huet sech warscheinlech de Kapp zerbrach, wéi se mir sonndes eng Freed kënne maachen. An dann och nach d’Ukënnegung um Radio! Dat gëtt mer wierklech d’Gefill, eppes ganz Besonnesches ze sinn. Villmools Merci, dir léif Geschäftsleit, datt dir extra um Sonndeg sou léif u mech geduecht hutt. Oder sinn ech éieren awer net deen eenzegen, deen dës “besonnesch” Behandlung kritt?
An deem Sënn: Let's go Shopping! Wee weess, vläicht erwaart mech jo eng eidel Shoppingmall, ganz eleng fir mech. Dat nennen ech Luxus!
Kommentar schreiben