· 

Fællessang zu Lëtzebuerg

Mir sangen, bis den Zuch kënnt an nees Kerosin do ass

Zu Lëtzebuerg ass den ëffentlechen Transport déi rengste Katastroph. An elo och nach dëst: d'Fligere kënnen kaum nach tanken well et u Kerosin feelt. Ma d'Transportministesch huet eng Léisung. Si séngt. Kee Witz!

Satiresch Fotomontage: D'Transportministesch Yuriko Backes an hir Mataarbechter sange virum Ministère. Titel: Transportpolitik 2026: Mir sangen, bis den Zuch kënnt an nees Kerosin do ass. Spriechblos: Mir sangen! De Rescht kläert sech vum selwen.
▲ D'Transportministesch séngt - bis datt d'Problemer sech vum selwe geléist hunn.

Alles huet zu Kopenhagen ugefaangen. An deem Land wou d'Vëlospiste méi breet sinn wéi eis Autobunnen, wou d'Metroen am Minuttentakt fueren, a wou d'Leit frou si, wann se op hir Aarbecht fueren.

D'Ministesch war do – a si huet eng Traditioun entdeckt: Fællessang. Zesummen sangen. Fir den Teamgeescht ze stäerken. Fir d'sozial Bindung ze fërderen. Fir d'Leit beieneen ze bréngen.

An Dänemark sangen d'Leit tatsächlech well se glécklech sinn. Zu Lëtzebuerg sange mir well... nujee.

D'Sangen huet si importéiert, ma de Rescht huet si gären dohanne gelooss – den dänesche Modell vum ëffentlechen Transport. Kopenhagen huet nämlech ee vun de beschten Transport-Systemer an Europa.

De Repertoire verréit alles

Ma kucke mer mol iwwert de Choix vun de Lidder. Well hei weist sech: entweeder ass d'Ministesch eng Meeschterin vun der onbewosster Selbstironie, oder et ass alles nach vill méi schlëmm wéi mer geduecht hunn.

YMCA vun de Village People: eng Hymne vu Leit, déi net wëssen wou se hisollen, well näischt funktionéiert – mee wou d'Stëmmung trotzdeem erstaunlech gutt ass. Et gëtt kee bessere Portrait vum Lëtzebuerger Transportreseau.

Atemlos durch die Nacht vum Helene Fischer: Passt wéi d'Fauscht op d'An. Moies op der Gare. Atemlos. Well de leschte Bus just fort ass. A well den nächsten Zuch gestrach gouf. Well d'App seet "arrive bientôt en gare", mee de Quai eidel ass. Mir sangen dat net – mir liewen dat.

Alexandrie, Alexandra vum Claude François: en Evergreen aus längst vergaangenen Zäiten. Wéi e pünktlechen Zuch zu Lëtzebuerg.

D'Zuelen, déi kee séngt

Et war schonn déi drëtte Kéier, datt d'Ministesch mat hire Leit gesongen huet. Et war och ongeféier déi dräihonnerste Kéier an dësem Joer, datt en Zuch zu Lëtzebuerg mat méi wéi fënnef Minutten Verspéidung ukënnt – wann en iwwerhaapt kënnt.

Loosst eis kuerz bei der Foto bleiwen. D'Ministesch mat den Hänn an der Luucht, de Mond op. Ronderëm si: hir Mataarbechter, déi – an dat ass opfälleg – net ausgesi wéi wann se aus fräie Stécker do wieren.

Et ass d'Bild vun enger Ministesch, déi hire Ministère voll "am Grëff" huet. Déi hiert Team "inspiréiert". Déi "méi mécht" wéi just Bréiwer ënnerschreiwen.

Déi aner Fotoe ginn net gewisen – déi vun den iwwerfëllte Wagonen, vun de suppriméierte Verbindungen, vum Zuch, dee mat enger Stonn Retard zu Ettelbréck ukënnt.

Dovu kënnen der vill "ee Liddche sangen".

Aus gutt informéierten Kreesser aus dem Ministère heescht et, datt fir d'Transportministesch d'Muecht vum gemeinsame Sangen déi subjektiv gefillte Verspéidung vun Zuch a Bus ëm bis zu 40 Prozent reduzéiert. Passagéier déi sangen, waarden anescht. Si sinn einfach méi frou beim Waarden.

Nom immense Succès virum Ministère, préift d'Ministesch elo d'Méiglechkeet, Fællessang-Sessioune reegelméisseg op de gréisste Lëtzebuerger Garen an och um Findel anzeféieren. Als Ersatz fir Echtzäitinformatiounen iwwer d'Verspéidungen. Dës Moossnam ass méi bëlleg, méi charmant a virun allem méi effektiv.

D'Ministesch préift ausserdeem d'Méiglechkeet, datt Passagéier vun annuléierte Vollen einfach mam Zuch weiderfueren. Wann deen dann och net fiert, gëtt gemeinsam gesongen.

"I Will Survive"

Luxembourg Jungle proposéiert fir d'nächste Kéier de Song "I Will Survive" – als offizielle Motto vun den CFL- a Buspassagéier. Déi offiziell Hymne vun alle Leit, déi reegelméisseg mam ëffentlechen Transport ënnerwee sinn.

Rendez-vous virum Ministère, wou mir d'Lidd sangen, wärend um Display ugewise gëtt: "Retard: 23 minutes" oder "Vol annulé".

Mee, mir iwwerliewen et. Bis elo.

A wann net – da sange mer wéinstens schéin.

P.S.: Während dësen Text geschriwwe gouf, huet d'Ministesch eng Nott erausginn, datt Fligeren, déi zu Lëtzebuerg kee Kerosin kréien, einfach ënnerwee an anere Länner tanke sollen. Kee Kommentar. Einfach weidersangen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0