· 

#Satir | D‘Fridman-Saga

Dat déckt Enn kënnt nach

Lëtzebuerg, dat klengt Land, wat sech gären als Häerz vun Europa gesäit, ass virun allem bekannt fir seng Banken, säin Tripple-A, säi Schokla a ... säi 16-Milliarden-Euro-Prozess!

Op ee weidere Finanzskandal kënnt et net un, huet sech de neie #Luc geduecht, wéi en dem russesch-israelesche Geschäftsmann a Milliardär Mikhail Fridman säi Verméigen, dat hien zu Lëtzebuerg ugeluecht huet, beschlagnamt huet. De #Luc huet dës Kéier d’Rechnung ouni de Wiert gemaach. De Fridman huet nämlech beschloss, ee klengen Ausfluch op Hong Kong ze maachen, net fir ze shoppen, mee fir beim Hong Kong International Arbitration Centre déi bescheiden Somme vu 16 Milliarden Euro vum Grand-Duché anzekloen.

Europäescht Geriicht: Fridman muss vun der schwaarzer Lëscht geholl ginn

De Fridman spiert de Wand am Réck, well den 10. Abrëll 2024 huet d’Geriicht vun der Europäescher Unioun nämlech decidéiert, hie misst vun der sougenannter Schwaarzer Lëscht vun de sanktionnéierte Persounen erofgeholl ginn, well keng Beweiser fir eng eventuell Beaflossung am Ukrainkrich virléichen. Den neie #Luc a seng Regierung hunn dëst Uertdeel einfach ignoréiert, wat dozou geféiert huet, datt de Fridman déi nächst Etapp ageschloen huet. Bei senger Klo virum Schidsgeriicht zu Hongkong berifft de Fridman sech op den Investitiounsschutzvertrag vun 1989 tëscht der Belsch, Lëtzebuerg an der Sowjetunioun. Och wann d'Sowjetunioun zënter Joerzéngte net méi existéiert, ass Russland dee legale Nofolger an deemno och den Ierwe vum deem Vertrag. De Fridman stellt och déi verhaange Sanktiounen allgemeng a Fro.

De Lëtzebuerger Premier sot, datt dës Affär jorelaang kéint daueren. Dobei schéngt hien sech un den übleche Lëtzebuerger Justizdelaien ze orientéieren, déi bekannt sinn, den „délai raisonnable“ net anzehalen. Op der Websäit vum Honkonger Schidsgeriicht selwer, gëtt een allerdéngs gewuer, datt ee Verfahren maximal 17,7 Méint dauert.

16 Milliarden: 60 Prozent vum Staatsbudget

Datt de neie #Luc net presséiert ass, ass verständlech. Wie weess, vläicht mécht hien d'Saach och gäre spannend? An der Tëschenzäit kënnen d’Lëtzebuerger Steierzueler sech op eventuell Budgetskiirzunge virbereeden. Déi vum Fridman verlaangten 16 Milliarden Euro Schuedensersaz stellen ëmmerhin 60 Prozent vum gesamte Lëtzebuerger Staatsbudget duer, dee fir 2024 insgesamt 27,4 Milliarden Euro bei den Depense virgesäit. Äddi, Investitiounen an d'Infrastrukturen, an d'ëffentlech Servicer an aner wesentlech Ausgaben. Moien, Austeritéit!

A wéi ass et mam Sozialstaat a mat de Sozialleeschtungen? Krankeversécherung, Pensiounen a Familljenzoulagen kéinten déi éischt Affer vun dëser juristescher Schluecht sinn. D’Sozialministesch Martine Deprez sëtzt elo scho prett mat der Rechemaschinn do, fir am Hierscht déi ugekënnegt Pensiounsreform unzegoen. Et dierft ee gespaant sinn, mat wat fir engen Argumenter si méiglech Verschlechterungen wäerd probéieren, duerchzesetzen.

Ma loosse mer eis keng Suerge maachen, schliisslech kënne mer eis domat tréischten, datt Lëtzebuerg bei enger nobler Saach matgemaach huet: unilateral europäesch Sanktiounen ouni UNO-Zoustëmmung ëmzesetzen. Dorop solle mer houfreg sinn!

Wou ass d'Geld hin?

Schlussendlech erënnert dëse Fall eis, datt och kleng Länner am Haff mat deene grousse spille kënnen ... a wann et alt nëmmen de Geriichtshaff ass. Dës Geriichtssaga versprécht also spannend ze ginn a Langweil kënnt an de nächste Méint wuel kaum op.

Ween hätt geduecht, datt Lëtzebuerg eng Kéier den Zentrum vun engem hollywoodwierdege Finanzdrama géif ginn? "Lëtzebuerg: tëscht Sanktiounen a Reparatiounen", ee Krimi, deen all Aschaltquoten vum beschten Netflix-Programm sprengt.  An denkt drun: an dëser Geschicht huet jiddereen seng Roll ze spillen, souguer mir, als trei a brav Steierzueler!

Ma eppes ass bis haut ongewëss – an erënnert un dee berüchtegte Caritas-Skandal: Wat ass mam Fridman sengen zig Milliarde geschitt? Wou ass dat villt Geld hin? Huet de Lëtzebuerger Staat éieren och Bankkonten a Spuenien?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0