· 

"Habemus Hollerich - oder net?"

Neie Wand am vatikan

D'Nouvelle huet ageschloe wéi eng Bomm: De Lëtzebuerger Hollerich ass e seriöe Kandidat fir de Poste vum neie Poopst. Awer wärend d'Welt gespaant op Roum bléckt, spillen sech hei zu Lëtzebuerg ganz skurill Szeenen of.

Op eemol ginn ech, Hubert Hollerich, vu komplett frieme Leit mat engem Laachen am Gesiicht gefrot: "Wéini plënners d'op Roum?" oder "Hues de deng Mitra scho poléiert?"

Ech ginn zou, ech maachen d'Spill gäre matt. "Jo, meng Kandidatur ass ugeholl ginn", äntweren ech mat seriöser Minn. "Awer ech muss nach séier Kachkéis a Rieslingspaschtéit akafen - déi hunn se net am Vatikan." D'Reaktiounen? Ee Mix aus Laachen an erstaunte Blécker. Via Chat huet ee Facebookfrënd mer matgedeelt, e géif mer d'Daumen halen.

D'Zeitunge maachen hiren Deel, datt d'Feier ubleift: "Hollerich reste en course", schreift de Quotidien. "Hollerich ist einer der papabili", proklaméiert den Essentiel. A mäi perséinleche Favorit kënnt aus dem Wort: "Hollerich ist ein durchaus geeigneter Papstkandidat." Ech froe mech ob se wierklech de Kardinol mengen - oder mech?

De Clou: Viru 35 Joer sinn ech aus der Kierch ausgetrueden. E klengen awer entscheedende Hoken, wann et ëm d'Poopstwiel geet. Do giffen se an der Sixtinescher Kapell wuel d'Stier fronzen.

Mee wee weess? Vläicht ass genee dat de frësche Wand, deen s'am Vatikan brauchen. E Poopst, deen net u Götter gleeft, mä dofir awer un d'heelend Kraaft vun der Rieslingspaschtéit a vum Kachkéis. "Poopst Hubertus I. - de kulinaresche Reformator."

Bis dohinner bleiwen ech awer zu Lëtzebuerg a genéissen d'Opmierksamkeet. Well wéi oft huet een d'Chance, wéi e Poopst gehandelt ze ginn - op d'mannst am Supermarché oder via SMS am Chat?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0