· 

#Satir | Handy a Bicher sinn eng Gefor op der Toilette

De Stullgang soll kuerz an effektiv sinn

Déi neitst Enthüllung vum Wort ass ee richtege Scoop a suergt fir Schockwellen an der Natioun: D'Benotze vum Handy op der Toilette ass geféierlech!

Direkt hunn ech un déi schiedlech Strale geduecht, déi vum Handy ausginn, wéi ech de Beitrag am Wort gelies hunn. Ma et geet guer net ëm d'Stralung, mee ëm eppes vill méi Eeschtes: Hämorrhoiden a schwaach Beckemuskelen.

D'Experten si sech eens: De Stullgang däerf nëmme 5 Minutten, maximal 10 Minutten daueren. D'Sëtzungen um Troun daueren awer oft méi laang, well vill Leit vergiessen op d'Auer ze kucken, wann se um Handy duerch Katzevideoen, Vakanzefotoen an Teller-Fotoen aus dem Restaurant scrollen.

An et gëtt nach besser: och Bicher si si kee séchere Begleeder méi um Cabinet. Eng Säit ze vill gelies a schonn ass eis Gesondheet a Gefor.

Et ass Zäit, eis Gewunnechten ze iwwerdenken an sech folgend Fauschtreegel zu Häerzen ze huelen: E Stullgang soll kuerz an effektiv sinn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0