· 

#Satir | Lëtzebuerg sicht den Top-Zaldot

Casting fir d'kACH-Garnisoun

1967 gouf d'Wehrflicht ofgeschaaft. Elo plangt d'Regierung se 2024 nees anzeféieren. D'Arméiministesch Yuriko Backes huet dat e puer Mol an der Press annoncéiert. Den Arméi-Generol Steve Thull huet sech haut an engem RTL-Interview besuergt gewisen, datt et ouni d'Neesaféierung vum obligatoresche Militärdéngscht net genuch Leit géife ginn, fir déi Zaldoten, déi un der Front gefall sinn, z'ersetzen.

Luxembourg Jungle huet mam Generol vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Krichsbroschüren an de skandinavesche Länner, d'Nees-Aféierung vum obligatoresche Militärdéngscht an d'Bewaffnung vun der Lëtzebuerger Arméi geschwat.


Luxembourg Jungle: Här Generol Thull, wat haalt Dir vun de Krichsbroschüren, déi un d'Bevëlkerung an den nordesche Länner verdeelt goufen? A mengt Dir, datt et néideg ass, eng ähnlech Broschür un d'Bierger hei zu Lëtzebuerg ze verdeelen?

Generol Steve Thull: Dës Bichelcher sinn net nëmme fir de Krich, mee fir d'Bevëlkerung drop virzebereeden a resilient ze maachen. Mir brauchen eng Bevëlkerung, déi d'Zaldoten ënnerstëtzt, an net eng déi kapituléiert a fortleeft. Well fir wee géifen d'Zaldoten da vir stierwen? D'Ziviliste mussen informéiert ginn, wat ze maachen ass, wann de Stroum ausfällt oder d'Waasser knapp gëtt. Zu Lëtzebuerg ass dat extrem wichteg, well dann ass et och net méiglech, d'Mikrowell ze benotzen. An anere Wierder: ouni Iessen an Drénken funktionéiert näischt bei eis! Mir brauchen also onbedéngt esou eng Broschür zu Lëtzebuerg, an eist Bichelche soll definitiv Rezepter enthalen, wéi een e Gourmet-Iessen ouni Elektresch zaubert oder wéi ee seng Wäinreserve sécher bunkert. E separat Kapitel soll der Konscht gewidmet ginn, wéi een seng Namurs Knippercher a seng Rieslings Paschtéitercher am Krichsfall verstoppt. All dëst erhéicht d'Moral - a wéi mir wëssen, ass eng gutt genierte Bevëlkerung d’Réckgrad vun all Arméi. Mir sollten eis Broschür dofir "Iessen, Drénken an Iwwerliewen " nennen. Dat géif perfekt bei eis passen.


Och interessant:


Luxembourg Jungle: Et gëtt vill geschwat iwwer d'Neesaféierung vum Militärdéngscht. Wat ass Är Meenung dozou? Wéi ass et mat der Bereetschaft bei de Leit?

Generol Steve Thull: Den obligatoresche Militärdéngscht ass néideg fir sécherzestellen, datt ëmmer genuch Leit zur Verfügung stinn, fir déi Gefalen ze ersetzen. Ma loosst mer éierlech sinn: Zu Lëtzebuerg hu mer e klenge Problem mat der Fitness. Iwwer 40 Prozent vun de Männer hunn Iwwergewiicht, an dat ass net déi ideal Viraussetzung fir den aktiven Déngscht. Eng rezent EU-Etüd huet souguer erginn, datt 46 Prozent vu jonke Männer vu 19 Joer zu Lëtzebuerg net fit sinn. Dofir hu mir der NATO eng "Gastronomesche Garnisoun" proposéiert - eng Eenheet déi op kulinaresch Operatiounen spezialiséiert ass. A fir d'Begeeschterung ze steigeren, organiséiere mir e Casting mat gratis Iessen an Gedrénks. Eise Casting "Lëtzebuerg sicht den Top-Zaldot" gëtt live op RTL iwwerdroen a versprécht spannend Défien wéi Béierbéxen ënner Kampfbedéngungen opmaachen oder Fënnefstären-Iessen ënner feindlechem Beschoss virbereeden. Well näischt motivéiert d'Lëtzebuerger méi wéi Iessen an Drénken.

Op déi Manéier kréie mer de Widerstand géint de Militärdéngscht gebrach an da brauche mer eis iwwert déi Petitioun, déi viru puer Deeg lancéiert gouf, kee Kappzebriechen ze méi ze maachen.



Luxembourg Jungle: Eng lescht Fro Här Generol: Firwat keeft Lëtzebuerg esou vill gepanzert Gefierer, wou dach déi rezent Kricher kloer weisen, datt e moderne Krich net mat Panzeren ze gewannen ass?

Generol Steve Thull: Fir e Land z'erueweren, brauch ee Gefierer a Leit, déi um Terrain avancéieren. Soss gëtt den Ennemi net eliminéiert a mir huele kee Land an.

Luxembourg Jungle: D'NATO ass dach awer ee Verdeedegungbündnis a keen Ugrëffspakt. Firwat muss een da Land anhuelen?

General Steve Thull: D‘NATO ass déi bescht Verteidegungsallianz op der Welt. Wéi och ëmmer, eis Panzer hunn e groussen Drang fir d'Welt ze bereesen - do ass näischt ze maachen! Donieft bitt dat eiser gastronomescher Garnisoun déi perfekt Geleeënheet fir hiren "Défense Buffet" weltwäit bekannt ze maachen. Mir verdeedegen schliisslech net nëmmen eis Grenzen, mee och eis kulinaresch Traditiounen.

Luxembourg Jungle: Här Generol, mir soen Iech merci fir d'Gespréich.


Iwwert dëse Link kann een d'Originalversioun vum Interview mam Arméigenerol Steve THULL vum 25. November 2024 op RTL-Radio eroflueden. Vill Aussoen an dëser Satir goufen tatsächlech vum Generol esou gemaach - zumindest sënngeméiss. 


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0