Wes Brot ich ess, des Lied ich sing
Hutt Dir Iech och schonn d’Fro gestallt, wien dann eigentlech d’Fakten-Checker an déi investigativ Journalisten-Netzwierker kontrolléiert? A mat “kontrolléieren” ass net nëmmen d’Iwwerpréiwe vu Fakten a Norichten gemengt, mee och wien d’Kontroll iwwert dës Netzwierker ausübt, wien se beherrscht a wien de Kommando ugëtt. A genau dorëm geet et an enger rezenter Recherche, bei där eng Rëtsch erstaunlech Enthüllungen un d’Dagesliicht komm sinn. Awer opgepasst: dat kann Ärt Weltbild an d'Wanke bréngen, wann dat net scho längst de Fall ass!
Scho méi wéi eng Kéier sinn d’Fakten-Checker, wéi beispillsweis Correctiv oder d’Agence France Presse (AFP) awer och bekannte Medienhaiser wéi BBC, Associated Press (AP) oder Reuters an d’Negativschlagzeile geroden, well se Meldungen verzerrt oder carrément falsch eriwwerbruecht hunn. A munche Fäll goufe Fotoen “zoufällegerweis” bei en Artikel geprafft, obwuel se näischt mam Inhalt vum betraffenen Artikel ze dinn haten.
US-Regierung finanzéiert 52% vum OCCRP-Budget
Bei enger rezenter gemeinsamer Recherche vun der franséischer Onlineplattfom Mediapart, der italienescher Dageszeitung Il Fatto Quotidiano, der us-amerikanescher Norichteplattform Drop Site, dem griechesche Journalisten-Netzwierk Reporters United an dem däitsche Fernsehsender Norddeutscher Rundfunk koume ganz brisant Informatiounen iwwert d’ONG "Organized Crime and Corruption Reporting Project (OCCRP)", déi hir Onofhängegkeet gären an d’Vitrine stellt, un d’Dagesliicht. Mat der Onofhängegkeet vum OCCRP ass et allerdéngs net wäit hier. Dräi Véierel vum Budget vun der ONG gi vu Regierungen an d’Keess vum OCCRP gespullt. Eleng d’US-Regierung sponsert 52 Prozent vum Budget vum OCCRP, weider 18 Prozent komme vun der EU an anere Regierungen.
Den OCCRP, dee wéint sengen Enthüllungen The Panama Papers, Pandora Papers, Suisse Secrets, Narco Files, Pegasus Project, Cyprus Confidential bekannt ginn ass, geréiert ee Joresbudget vun 20 Milliounen Dollar a kann op ee Pool vun 200 Mataarbechter op alle Kontinenter zréckgräifen. Et ass domat dat weltwäit gréissten Netzwierk vun investigativem Journalismus. Iwwer 70 Medienhaiser, dorënner renomméiert Medien wéi The New York Times an The Washington Post aus den USA, The Guardian aus Groussbritannien, Der Spiegel a Süddeutsche Zeitung aus Däitschland an Le Monde aus Frankreich schaffe mam OCCRP zesummen a gräifen op hir Recherchen zréck.
US-Regierung huet Veto-Recht
Wat bis elo och net bekannt war ass, datt d’US-Regierung ee Veto-Recht bei de Féierungsleit beim OCCRP huet. Et ass also offensichtlech, wien bei dëser "onofhängeger" Organisatioun d’Fiedem zitt.
Déi rezent Recherchen a puncto Onofhängegkeet vum Netzwierk OCCRP hunn nach weider brisant Informatiounen iwwert d’Innenliewen vun dëser Organisatioun un d'Dagesliicht bruecht. Mat 52% vun hirem Budget, déi vun der US Regierung abezuelt ginn, ass et kee Wonner, datt eng Rëtsch Recherchen vum OCCRP "zoufälleg" déi Länner betreffen, déi net onbedéngt op der Lëscht stinn, deene Washington eng Chrëschtdagskaart schéckt. Sou finanzéiert d’US-Regierung journalistesch Ermëttlungen géint Russland a Venezuela nach extra, zousätzlech zu hirem jährleche Geldsegen. "Zoufälleg" fënnt den OCCRP ëmmer d’Zäit an d’Mëttel fir iwwert déi Länner ze recherchéieren. Vive d’Onofhängegkeet!
Vläicht sollte mer eis drun erënneren, datt déi wierklech Onofhängegkeet net doru gemooss gëtt, wien am häertsten "onofhängeg" rifft, mee wien am mannsten vun aneren hirer Täsch ofhängeg ass. Wéi heescht sou schéin: “Wes Brot ich ess, des Lied ich sing.” Also: Wann der déi nächste Kéier d'Melodie vum onofhängegen Investigatiounsjournalismus héiert, da frot Iech, wien den Dirigentestaf an der Hand hält.
Hei sinn d'Linken fir d'Artikelen vu Mediapart a vun Drop Site iwwert d'Enthüllungen betreffend "Organized Crime and Corruption Reporting Project (OCCRP)" ze liesen.
Drop Site: https://www.dropsitenews.com/p/occrp-budget-funding-us-government-usaid
Hei sinn d'Artikelen am PDF-Format fir erofzelueden:
Kommentar schreiben