· 

Wat mécht Lëtzebuerg a Ruanda?

Den Ausseminister Xavier Bettel ënner Drock

Hätt déi belsch Zeitung De Standard net iwwert d’Blockad vum Xavier Bettel bericht, wier d’Virgoensweis vu Lëtzebuerg um Conseil vun den EU-Ausseministeren vum 24. Februar 2025 zu Bréissel géintiwwer Ruanda an der Terrorgrupp M23 wahrscheinlech nees ënnert den Teppech gekiert ginn. Fir vill Leit schéngt de Konflikt am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo wäit ewech an abstrakt. Fir mech ass et awer méi wéi just eng Noriicht. Meng familiär Wuerzelen an dëser Regioun maachen dëse Konflikt zu engem Deel vu menger eegener Geschicht.

D’Wort huet de 24. Februar an engem Artikel mam Titel “Bettel überrascht Belgien mit Blockade gegen Ruanda-Sanktionen” d’Meldung aus dem Standard opgegraff. Et stellt sech d’Fro, firwat ausgerechent Lëtzebuerg als eenzegen EU-Memberstaat rigoréis Sanktiounen géint Ruanda an déi vun hir gesponsert Terrorgrupp M23 blockéiert, obwuel schonn ee Konsens an enger EU-Aarbechtsgrupp bestanen huet an d’USA scho Sanktiounen beschloss hunn.

Dräi Deeg virum Conseil vun den EU-Ausseministeren, huet den UNO-Sécherheetsrot mat der Resolutioun n° 2773 vum 21. Februar 2025 souwuel Ruanda wéi och d’Rebellegruppe M23 schaarf verurteelt. D’Resolutioun fuerdert, dass déi besate Gebitter direkt verlooss ginn an d’Gewalt géint Zivilisten ophält. Och d’EU huet an enger Stellungnam vum 25. Januar 2025 Ruanda an den M23 veruteelt a Sanktiounen ugekënnegt.

Den Xavier Bettel beschwichtegt

An der Chambersëtzung vum 4. Mäerz 2025, huet den Ausseminister Xavier Bettel d’Kritik als Mëssverständnis ofgedoen. Hien huet betount, dass Sanktiounen eréischt kënne geholl gi, wann en “acte juridique” do wier an huet dementéiert, dass Lëtzebuerg e Veto ageluecht hätt, an erkläert, d’Lëschte mat den Detailer wären eréischt den 3. Mäerz virgeluecht ginn.

D'Argument vum Xavier Bettel, dass et sech beim Treffe vum 24. Februar just ëm eng “discussion politique” gehandelt hätt, ass méi wéi fragwürdeg. D’UNO-Resolutioun n°2773, déi dräi Deeg virdun eestëmmeg ugeholl gouf, ass rechtlech bindend an als “acte juridique” unzegesinn. Et ass onlogesch, ze behaapten, et hätten zu Bréissel keng Decisioune kéinte geholl ginn.

 

▲ Screenshot Chamber. Den Ausseminister Xavier Bettel an der Sëtzung vum 4. Mäerz 2025. Link: https://www.chd.lu/fr/seance/2999?startTime=02:33:05
▲ Screenshot Chamber. Den Ausseminister Xavier Bettel an der Sëtzung vum 4. Mäerz 2025. Link: https://www.chd.lu/fr/seance/2999?startTime=02:33:05

De Lëtzebuerger Ausseminister widersprécht sengem eegene Communiqué vum 24. Februar 2025, wou et heescht: “Des sanctions contre les responsables du groupe M23 ont été retenues. L'UE prépare de nouvelles mesures restrictives en réponse à la situation à l'est de la RDC à l'encontre du Rwanda. Xavier Bettel a suggéré d'attendre les résultats des efforts de médiation africains de cette semaine avant de les mettre en œuvre pour éviter que les parties se désengagent de ces pourparlers avant même qu'ils aient lieu.”

Bei der Reunioun vum 24. Februar zu Bréissel huet et sech ëm ee formellt Treffen vun den EU-Ausseministere gehandelt, dat d’Ziel hat, strategesch Decisiounen ze huelen an d’Aussepolitik vun der EU ze koordinéieren. Formell Treffen am Kader vum Conseil des affaires étrangères déngen dem Ausbau vun internationale Partnerschaften an dem Zesummenhalt vun der EU. Ier Sanktioune géint ee Land oder eng Organisatioun ergraff ginn, muss natierlech de politesche Wëllen do sinn an de Wee festgeluecht ginn, wéi méiglech Sanktiounen kënnen ëmgesat ginn. Dëse Wee huet Lëtzebuerg mat senger Haltung blockéiert - egal wéi een et dréint a kéiert.

Wou bleift d’diplomatescht Geschéck?

D’Fäegkeet vum lëtzebuergeschen Ausseminister, diplomatescht Geschéck ze beweisen, gouf den 4. Mäerz an der Chamber seriö a Fro gestallt. De Xavier Bettel huet sech mat senger Bemierkung zum Konflikt am Kongo blaméiert, wéi hie sot: “Et sollt eng Reunioun zu Harare sinn e Freideg [28. Februar 2025, NVA]. Déi huet net stattfonnt, well iergendee President aus Namibia – ech weess net wou – gestuerwe wier, ech hu keng Anung. Op jidde Fall, de mozambikeschen Ausseminister huet keng Invitatioun erausgeschéckt.” Als Chefdiplomat hätt de Xavier Bettel wësse missten, datt et sech bei dësem Treffen zu Harare, der Haaptstad vu Simbabwe, ëm eng wichteg Réunioun vun der Südafrikanischer Entwécklungsgemeinschaft (SADC) an der Ostafrikanischer Gemeinschaft (EAC) gehandelt huet. Dës zwou Organisatioune representéieren zesumme ronn 750 Millioune Leit a stelle mat 22 Memberstaaten d’Halschent vun den afrikanesche Staaten duer. 

Dem Xavier Bettel seng Bemierkung, datt “iergendee President vun Namibia gestuerwe wier – ech weess net wou”, ass net nëmme respektlos an iwwerhieflech – wéi wann Namibia méi wéi ee President hätt – mee entsprécht och net den Tatsaachen. D’Réunioun gouf aus organisatoresche Grënn ofgesot. De Verstuerwenen, op deen sech de Xavier Bettel bezitt, war net den namibesche President, me de Fräiheetskämpfer a Grënnungspresident vu Namibia, Sam Nujoma, deen den 8. Februar am Alter vu 95 Joer gestuerwen ass. Den amtéirende President vu Namibia, Nangolo Mbumba, ass bei beschter Gesondheet.

Ma och dem Xavier Bettel seng Behaaptung, de mosambikeschen Ausseminister hätt keng Invitatioun verschéckt, ass falsch. D’Verantwortung fir d’Verschécke vun Invitatiounen läit beim pays d’accueil – an dësem Fall Simbabwe, an net Mosambik.

Esou vill Falschinformatiounen an nëmmen dräi Säz, werfen d’Fro op, ob den Xavier Bettel déi geegent Persoun fir d’Roll vum Lëtzebuerger Ausseminister ass. Seng Approche kéint Lëtzebuerg schueden an zu onnéidegen diplomatesche Spannungen féieren.

Tatsaach ass, dass keen eenzegen afrikanesche Staat sech op d’Säit vu Ruanda an der Terrorgrupp M23 gestallt huet. Ruanda ass, wat de Konflikt mam Kongo unbelaangt, international isoléiert – genee wéi Lëtzebuerg.

D’Reaktiounen op dem Xavier Bettel seng verzweifelt Rechtfertegungen hunn net laang op sech waarde gelooss. De 7. Mäerz huet d’kongolesesch Diaspora virun der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel protestéiert an d’Positioun vu Lëtzebuerg am grausamen Iwwerfall vum M23 an der Republik Ruanda op de Kongo resolut veruerteelt.

▲ Protest vun der kongolesescher Diaspora de 7. Mäerz 2025 virun der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel.
▲ Protest vun der kongolesescher Diaspora de 7. Mäerz 2025 virun der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel.

Motioun an der Chamber eestëmmeg ugeholl

De 4. März gouf an der Chamber eestëmmeg eng Motioun ugeholl, déi d’Lëtzebuerger Regierung opgefuerdert huet:

● bei der ruandescher Regierung ze intervenéieren fir Truppen aus der Demokratescher Republik Kongo zréckzezéien;

● europäesche Sanktiounen géint déi Verantwortlech aus dem Ruanda ze ënnerstëtzen, déi d'Grausamkeet am Kongo mat ze verschëlden hunn;

● diplomatesch Efforten vun der EU an der UNO ze ënnerstëtzen fir eng politesch Léisung ze fannen, déi d'Souveränitéit an d’territorial Integritéit vun der DR Kongo garantéiert.

Ween ass den M23 ?

D'Terrorgrupp M23 (Mouvement du 23 mars) ass an der nord-östlecher Provënz Nord-Kivi vun der Demokratescher Republik Kongo aktiv, déi u Ruanda grenzt. Si gëtt vun der Republik Ruanda ënnerstëtzt, déi dem M23 Waffen, Munitioun a militäresch Ausrëschtung liwwert. Zousätzlech bekëmmert sech Ruanda ëm d’Ausbildung vun de Kämpfer, assuréiert d’Logistik, ënnerstëtzt d’Terrorgrupp politesch a finanziell a schéckt och eegen Truppen an de Kongo, déi un der Säit vum M23 kämpfen. 

Den Numm vun der Terrorgrupp M23 geet op den 23. Mäerz 2009 zréck, wéi e Friddensaccord tëscht dem Kongo a Ruanda ënnerschriwwe gouf. Virun deem Accord huet d’Grupp sech “Congrès national pour la défense du peuple” (CNDP) genannt. Si huet der Demokratescher Republik Kongo virgeworf, sech net un d’Friddenofkommes gehalen ze hunn, an huet sech doropshin an “Mouvement du 23 mars”, ofgekierzt M23, ëmbenannt.

▲ Rebellegrupp M23 den 1. Februar 2025 zu Goma am Nord-Osten vum Kongo. (Foto: Le Monde)
▲ Rebellegrupp M23 den 1. Februar 2025 zu Goma am Nord-Osten vum Kongo. (Foto: Le Monde)

Ekonomesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Ruanda

A senger Ried an der Chamber huet den Xavier Bettel probéiert vun der Fro vun de Mënscherechtsverletzungen ofzelenken. Hien huet betount, datt “d’Lawin” un d’Rulle komm wier, well Ruanda “ekonomesch Aktivitéite mat Lëtzebuerg huet”. Ruanda wär awer just “eisen 154. Partner am Échange”. De Lëtzebuerger Ausseminister huet weider gesot, et wier souwäit komm, “well iergendeen eng Nouvelle diffüséiert” hätt, an e géif sech freeën, wann sech géif op d’Fakte baséiert ginn.

Ma wat sinn dann d'Fakten? Bei de Kämpf vun der Terrorgrupp M23 an de ruandeschen Regierungstruppen am Nord-Oste vum Kongo geet et ëm d’Kontroll vun de Buedemschätz. Déi kongolesesch Provënz Nord-Kivi ass räich u Gold, Coltan, Kassiterit, Kobalt an Diamanten. Wärend Gold an Diamanten allgemeng bekannt sinn, handelt et sech bei Coltan ëm en Äerz, dat Tantal an Niob enthält. Tantal gëtt an der Elektronikindustrie, wärend Niob fir speziell Mëschungen an der Stolindustrie benotzt gëtt. Kassiterit, en anert Äerz, gëtt fir d’Produktioun vun Zënn gebraucht, deen an der Elektronik- an an der Verpackungsindustrie eng Roll spillt. Kobalt, ee strategescht wichtegt Metall, gëtt fir d’Batterien vun Elektroautoen, an der Loftfaartindustrie an an der Elekktronikindustrie benotzt.

Am Februar huet d’M23-Terrorgrupp zesumme mat Truppen aus dem Ruanda eng Rei wichteg Gold-, Coltan-, Kassiretit-, Kobalt- an Diamanteminnen gewaltsam agholl. Mam Verkaf vun de Rohstoffer finanzéiert d’Terrorgrupp hir Aktivitéiten. De Verkaf vun de Buedemschätz leeft iwwer Ruanda, dat se um internationale Maart an den Ëmlaf bréngt.

A wat huet Lëtzebuerg mat deem Ganzen ze dinn?

D’Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Ruanda goufen ënnert der blo-rout-grénger Regierung intensivéiert. Den deemolege DP-Premierminister Xavier Bettel an den LSAP-Kooperatiounsminister Franz Fayot ware méi wéi eng Kéier, getrennt oder zesummen, a Ruanda. De Juni 2022 war eng Lëtzbuerger Delegatioun ganzer 10 Deeg (vum 6. bis de 16. Juni 2022) a Ruanda fir zu Kigali un der Weltkonferenz fir d’Entwécklung vun der Telekommunikatioun deelzehuelen. Dës Konferenz huet am Hotel Onomo stattfond, dee vun der Lëtzebuerger Investmentfirma Batipart bedriwwe gëtt. Batipart ass virun allem am Tourismussecteur aktiv (z.B. Club Med, Pierre&Vacances, Center Parcs, Parc Omega, Hotelchaîne Onomo).

An senger Ried huet de Kooperatiounsminister Franz Fayot vun enger “neier Generatioun vun Zesummenaarbecht” geschwat. Ma och de Luc Frieden huet eng wichteg Roll an de Bezéiungen mat der Republik Ruanda gespillt. Als President vun der Chambre de Commerce huet hien am Juni 2019 eng Rees vun enger Delegatioun vu 15 Lëtzebuerger Entreprisen an d’Republik Ruanda organiséiert, fir den Terrain fir zukünfteg Geschäftsaktivitéiten ze preparéieren. 

Et war vu vireran u kloer, datt et sech bei de Lëtzebuerger Aktivitéiten a Ruanda éischter ëm Business wéi ëm Entwécklungshëllef gehandelt huet. Vun den insgesamt ronn 400 Milliounen Euro Entwécklungshëllef, fléissen der nëmmen 8,5 Milliounen iwwer LuxDev (Luxembourg Development Agency) a Projeten a Ruanda. 2022 huet LuxDev  d’Ouverture vun engem permanente Büro an der ruandescher Haaptstad Kigali ugekënnegt, an deem 19 Leit beschäftegt sinn.

▲ 8. Juni 2022: den deemolege Premier Xavier Bettel (DP) an de Kooperatiounsminister Franz Fayot waren zesummen a Ruanda. (Foto: gouvernement.lu)
▲ 8. Juni 2022: den deemolege Premier Xavier Bettel (DP) an de Kooperatiounsminister Franz Fayot waren zesummen a Ruanda. (Foto: gouvernement.lu)

Privatiséiert Entwécklungshëllef

Bis 1992 war Lux-Development eng staatlech Agence fir Entwécklungshëllef, déi dem Ausseministère ënnerstallt war. 1992 gouf d’Agence an eng société anonyme ëmgewandelt. Aktiegesellschaften zielen allgemeng op Gewënnmaximéierung, Kompetitivitéit an den Ausbau vun de parts de marchés - dat läit an hirer Natur. Soss wären et keng kommerziell Gesellschaften, mee Gesellschaften ouni Gewënnzwecker. 

Dës Logik gëtt och aus dem Bericht vu Lux-Dev mam Titel “Support to the Development of Kigali International Finance Center” aus dem Joer 2024 kloer, wou am Kapitel “Expected Changes/Results” steet: “deeper financial and business ties between Rwanda and Luxembourg”. An anere Wierder: D’Entwécklungshëllef gëtt net aus renger Wohltätegkeet bedriwwen, mat mat enger strategescher Absicht. Si soll sech lounen – virun allem fir de Lëtzebuerger Finanzsecteur.

Schonns 2021 huet den deemolege Lëtzebuerger Kooperatiounsminister, de Sozialist Franz Fayot, ee bilateralt Ofkommes mam ruandesche Finanzminister ënnerschriwwen. D’Zil ass et, Ruanda zu der wichtegster Finanzplaz um afrikanesche Kontinent opzebauen – ee Schratt, deen de Verdacht verstäerkt, datt d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef op Gewënn aus ass.

D’Lëtzebuerger Finanzplaz profitéiert vun dësem Ofkommes, well Lëtzebuerger Banken direkt a Projeten an Entreprisen a Ruanda investéiere kënnen, wat zu Profiter féiert. Zousätzlech kënnen d’Banken Déngschtleeschtungen a Berodung a Ruanda ubidden, wärend och d’Fongenindustrie vum Ofkommes profitéiert, wann d’Handelsbezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Ruanda ausgebaut ginn. D’Zil vun der Lëtzebuerger Regierung ass domat kloer: Mat enger verstäerkter Präsenz an Afrika wëll si méi Afloss um Kontinent kréien.

▲ 19. Oktober 2021: Den deemolegen sozialistesche Kooperatiounsminister Franz Fayot bei der Ënnerschrëft vum Wirtschaftsaccord a Ruanda (Foto: ruandesch Regierung)
▲ 19. Oktober 2021: Den deemolegen sozialistesche Kooperatiounsminister Franz Fayot bei der Ënnerschrëft vum Wirtschaftsaccord a Ruanda (Foto: ruandesch Regierung)

En europäeschen Accord mat strategescher Absicht

Am Februar d’lescht Joer gouf en zousätzlechen Accord tëscht der EU a Ruanda ënnerschriwwen. Dora séchert sech d’EU, am Kader vun hirer Strategie “Global Gateway” den Zougang zu wichtege Rohstoffer wéi Selten Äerden, Tantal, Zënn, Wolfram, Gold, Niob a Lithium, fir manner ofhängeg vu chinesesche matières premières ze sinn. 

Parallell zum Ofbau vu Buedemschätz suergt Lëtzebuerg dofir, datt eng zolitt Finanzplaz a Ruanda entsteet. Dës erlaabt et, den Handel mat de begierte Mineralien séier an effizient ofzewéckelen – eng praktesch Symbios. Kritiker, déi den USA mat hirem Mineralienaccord an der Ukrain Neokolonialismus virwerfen, kéinten sech froen, ob den Accord tëscht der EU a Ruanda net och Neololonialismus vum Feinsten ass. 

D’Roll vu Lëtzebuerg an dësem Prozess gëtt op der Internetsäit vun der EU- souguer explizit ervirgehuewen.

Profit viru Mënscherechter

D’Kiischt um Kuch ass d’Duebelbesteierungsofkommes tëscht Lëtzebuerg a Ruanda vum 29. September 2021. Dëst gouf vum deemolegen DP-Finanzminister Pierre Gramegna ënnerschriwwen - just zwee Méint, éier hien seng Demissioun als Regierungsmember bekanntginn huet. D'Steierofkommes mat Ruanda gouf vun der Lëtzebuerger Chambre de Commerce ausdrécklech begréisst.

Mat esou Ofkommessen gi Steierpflichteger geschützt, fir net op zwou Plaze Steiere bezuelen ze mussen. Dëst mécht de Wee fräi fir gréisser Investitiounen. Op déi Manéier kann d’Finanzplaz Kigali, mat Lëtzebuerger Hëllef, ouni Problemer als Dréischeif fir Finanzgeschäfter an Afrika ausgebaut ginn.

Och wann den Ausseminister Bettel de 4. Mäerz an der Chamber behaapt huet, Ruanda wier just den 154. Handelspartner vu Lëtzebuerg, da weess hie ganz genau, datt et net dobei bleiwe wäert. Hien ass mat de Pläng vum Ausbau vun der Finanzplaz vertraut, well hien dës als Premierminister iwwer zwou Legislaturperioden matgedroen huet. Méiglech Sanktiounen géint Ruanda kéinten dës Pläng behënneren.

D'Rhetorik iwwer Mënscherechter an Demokratie ass oft näischt aneschters wéi waarm Loft. D’Beispill vu Ruanda weist, datt strategesch Interessen an ekonomesch Ziler den Toun uginn – an datt Sanktiounen éischter als Blockad ewéi als Léisung ugesi ginn.

E perséinleche Schlussgedanken

Wärend de Konflikt am Oste vum Kongo weider komplex Froen iwwer Gerechtegkeet a Fridden opwerft, ass dëse fir mech méi wéi nëmmen e geopolitescht Thema. En ass Deel vum Ierwen, dat meng Famill gepräägt huet, an domat e Kapitel dat net nëmmen d'Zukunft vum Kongo beaflosst, mee och mäi Verständnis vu menger eegener Identitéit.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0