· 

Realsatir | D'Apokalyps ka kommen!

Atomkrich am Luxusbunker fir déi Superräich

Wëllkomm an der neister Stopp vun de Superräichen - "Aerie", de Luxusbunker, deen alles huet wat ee brauch fir de Weltënnergang mat Stil ze erliewen! Do ginn et Gediechtnesschaum-Matrassen a Gourmetrestauranten, Marmerbiedem an Designermiwwelen, déi de Multi-Milliardären den Drëtte Weltkrich sou agreabel wéi méiglech gestalten. Wa schonn Atomkrich, dann awer mat Stil!

Eleng schon den Numm vum Bunker - "Aerie", aus dem Griecheschen "Adlernascht" - seet genuch aus an erënnert eis drun, datt schon eng Kéier een an der Geschicht e Weltkrich aus sécherer Distanz vu sengem Adlerhorst verfollegt huet. Déi britesch Boulevardzeitung "Daily Mail" huet doriwwer bericht

Wellness a Bowling

Wärend déi Normalstierflech sech Suergen iwwer Konservebéxen an Täscheluuchte maachen, preparéieren sech déi ultra-räich a Virginia (USA) op d'Enn vun der Welt vir - selbstverständlech an engem Bunker, dee méi Komfort bitt wéi muncherengem seng beschte Stuff. Mat Marmerbuedem, éischtklassege Wellness-Programmer, a KI-bedriwwenen High-Tech-Gesondheetszentren, ass "Aerie" dee perfekte Refuge fir déi, déi keng Ahnung hunn wéi een eng Béx Raviolien opmécht.

"Aerie" huet net nëmme verschidde Schwämmen, Keelebunnen a Klotermaueren, mee souguer interaktiv Maueren a Plafongen, déi virtuell Landschaften zauberen. Den Atomkrich am Wellness-Beräich erliewen! Do brauch een sech keng Suergen iwwert de radioaktive Reen ze maachen. Einfach an de Spa-Beräich goen a genéissen. Schliesslech muss déi mental Gesondheet intakt bleiwen.

Exklusiv

D'Memberschaft fir am "Aerie" ënnerdag ze kommen, ass exklusiv a gestaffelt. 20 Milliounen $ kascht dee bëllegsten Entréesticket. De Mëttelpräiss läit bei 35 Milliounen an op deenen deiere Plaze muss ee 50 Milliounen $ berappen. Op déi Manéier wësse souguer déi Superräich, wou se an der Hierarchie stinn. Déi allerhéchste Stuf ass "Asyl-Memberschaft" an ass nëmmen op Invitatioun ze kréien. Si garantéiert e qualitativ héichwäertege Niveau vu Privatsphär a Luxus, deen sech souguer "normal" Superräicher kaum leeschte kënnen. Et gëtt alles gemaach fir datt de Weltënnergang en apart Event ass!

Sécherheet op héchstem Niveau

"Aerie" ass aus décke Maueren gebaut, déi viru Bommen an Explosioune schützen an et gi Verdeedegungsanlagen, déi mat Waffen équipéiert sinn. Dat ënnerscheet "Aerie" däitlech vu konventionelle Bunkeren.

"Aerie" ass d'Äntwert, op déi vill Promien a Milliardäre gewaart hu fir hir lescht Investitioun ze maachen - a wann et alt nëmmen an ee Luxus-Bunker ass. Dëse Bunker erméiglecht et, de Räichste vun der Welt wéi dem Facebook-Bedreiwer Mark Zuckerberg, dem Amazon-Chef Jeff Bezos, dem Tesla-, SpaceX- an X-Boss Elon Musk, den Techmogulen Larry Ellison a Bill Gates, dem Finanzjongleur Warren Buffet, dem Larry Page vu Google, dem Medienentrepreneur Michael Bloomberg an natierlech dem Donald Trump an nach 516 anere Multimilliardären - méi wéi 525 ginn der net eragelooss - ënnert sech ze bleiwen an zesummen op de Weltënnergang unzestoussen.

Och ee räichen Adler muss an d'frësch Loft

Wann Dir also genuch Suen hutt an Iech wëllt op de Weltënnergang virbereeden, firwat net mat Stil an am Luxus? D'Enn vun der Welt ass eng eemoleg Erfarung, déi een a vollen Zich genéisse soll  - mat de beschte Gediechtnesschaummatrassen an dem eedelste Marmerbuedem.

Mee och fir déi Superräich kann den Openthalt am "Aerie" net éiweg daueren. Iergendwann muss och dee räichsten Adler säi Nascht verloossen an un déi "frësch Loft" goen. Dat ass dann e klengen Trouscht fir de "klenge Mann": Enges Daags mussen souguer déi ultra-Räich erëm eraus - an da si mer all erëm op der selwechter Säit.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0