· 

Meenungsfräiheet 2025

Wéi Facebook-Algorithmen Zensur bedreiwen

Den 8. Januar 2025 ass de Mark Zuckerberg mat enger spektakulärer Ukënnegung an d'Ëffentlechkeet gaang: déi versprache Meenungsfräiheet soll duerch ee System gestäerkt ginn, dee vun der gesamter Facebook-Gemeinschaft gedroe gëtt. Voller Begeeschterung huet hien iwwert déi nei Ära vun der Meenungsfräiheet geschwat, déi als éischt an den USA ëmgesat gëtt.  An Europa schéngt dës Fräiheet net erwënscht ze sinn.

Als kleng, couragéiert satiresch Websäit vu Lëtzebuerg kämpfe mir vu Luxembourg Jungle géint déi iwwermächteg Zensoren, déi kee Spaass, keng Satir a keng Ironie verstinn. Verschidde vun eise Poste goufen viru kuerzem als Spam markéiert a vu Facebook geläscht, och wann den Inhalt vun den Artikelen reng satiresch an humoristesch war, wéi folgend Screenshote weisen:

▲ Facebook huet en Artikel vu 'Luxembourg Jungle' permanent als "Spam" definéiert. Et war net evident, den Algorithmus auszetricksen, an den Text trotzdeem ze posten.
▲ Facebook huet en Artikel vu 'Luxembourg Jungle' permanent als "Spam" definéiert. Et war net evident, den Algorithmus auszetricksen, an den Text trotzdeem ze posten.

▲"Contenu trompeur", "inciter des personnes à consulter ou à rester sur un site Web" oder ee Verstouss géint d'Facebook-Standarden goufen als Virwand vum Roboter geholl fir d'Artikelen vu "Luxembourg Jungle" ze läschen.
▲"Contenu trompeur", "inciter des personnes à consulter ou à rester sur un site Web" oder ee Verstouss géint d'Facebook-Standarden goufen als Virwand vum Roboter geholl fir d'Artikelen vu "Luxembourg Jungle" ze läschen.

Dobei ass Luxembourg Jungle eng vun de wéinege satiresche Websäiten, déi sech traut, déi politesch a gesellschaftlech Evenementer zu Lëtzebuerg ze kommentéieren. Ma all Kéier, wann en neien Artikel d'Liicht vun der digitaler Welt erbléckt, kënnt den onbarmhäerzechen Tuteur - den Algorithmus - a späert eise Post als "Spam" oder well en "Inhalter oder Linken enthält, déi d'User täuschen oder se lackelen, eng Websäit unzeklicken an do ze bleiwen". E Kampf géint Wandmillen huet ugefaang ...

Egal wéi virsiichteg d'Metadonnéeën vun den Artikelen ugepasst goufen oder wéi vill Hashtags ausgetosch goufen, den Algorithmus blouf streng an erbaarmungslos. "Spam!" oder "Verstouss géint Facebook-Standarden" war säin Uerteel, an den Artikel ass am digitalen Nirvana verschwonnen.

Natierlech hu mer eis gefrot, wat den Algorithmus sech dobei wuel geduecht huet. Vläicht interpretéiert hie satiresch Texter als Gefor fir d'Stabilitéit vum Internet? Oder handelt et sech bei him just ëm en digitale Bürokrat ouni Humor? Op jidde Fall ass et e verzweifelte Kampf, deen un Absurditéit kaum ze toppen ass.

Den Héichpunkt gouf erreecht, wéi e besonnesch uerdentlech geschriwwenen Artikel, bei deem wierklech op alles opgepasst gouf, trotz allen Upassungen ëmmer nees geläscht gouf. Et schéngt wéi wann den Algorithmus eng perséinlech Aversioun géint eis Websäit hätt. Awer mir ginn net op. Mir kämpfe weider, passen eis Taktik un a setzen eis spatz Fieder géint déi digital Zensur an.

An esou geet d'Ausernanersetzung géint den onsiichtbaren Zensor weider. Well an enger Welt, wou den Humor, d'Ironie an d'Satir verdrängt oder ausgeschalt ginn, gëtt et näischt méi ze laachen. Mir leeschte weider Widderstand géint Maschinnen, déi den Ënnerscheed tëscht enger Pointe a Spam net kënne maachen. Well am Fong geholl ass et fir ze laachen, datt eng Onmass vun Zuele-Coden versicht, den Humor ze verstoen - wat awer grandios an d'Box geet.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0