· 

#Satir | Mega-Schueberfouer

Wéi Algriichesch zur Partysprooch gëtt

Et ass erëm souwäit: De Geroch vu gebrannte Mandelen an Thüringer läit an der Loft, Masse vu Leit drécke sech iwwert de Glacis, an "am Stall" jäizen se alleguer "Megaaa!".

Eng Plaz stécht besonnesch op der Fouer ervir: de "Stall". Während d'Leit fréier an de Stall gaange si fir ze schaffen, d’Déieren am Stall ware fir ze friessen an ze saufen an esou déck a fett ze ginn, ass haut just nach deen animaleschen Deel iwwregbliwwen, virun allem bei deem op der Fouer. Am Stall gëtt haut nëmme nach (era)gefeiert. Pardon: hei gëtt "mega" gefeiert.

All Dag bericht RTL live aus dem Epizenter vun der Spaassgesellschaft, wou d'Party-Freaken sech mat däitscher Schlagermusek a bëllegem Béier d'Bier volldrummen. D'Bedreiwer vum "Stall" loossen sech dee Spaass eppes kaschten. Héichkaräteg Kënschtler aus den Héichbuerge vum Partytourismus, vum Ballermann iwwer Après-Schi bis hin zur Fuesmusek aus Teutonia: hei gëtt alles gebuede wat d'Partygirls an d'Humpejange brauche fir glécklech ze sinn.

Matzen am Gewulls mécht RTL Interviewe mat de Partygäscht. An ëmmer erëm héiert een datselwecht Wuert: "Mega". "Mega gutt", "mega genial", "mega gäil" - d'Variante schéngen onendlech ze sinn. Et kéint ee bal mengen, datt hallef Lëtzebuerg heemlech Algriichesch geléiert hätt. D'Realitéit ass awer éischter eng aner: "Mega" ass dat eenzegt griichescht Wuert wat d'Spaassgesellschaft kennt.

"Mega" ass mëttlerweilen ee Kultwuert ginn, dat seng fest Plaz am Nation Branding huet.

Kleng algriichesch Lektioun

Fir déi, déi et net wëssen: "Mega" kënnt aus dem antike Griichesch a bedeit "grouss" oder "gewalteg". Et ass e Präfix, deen an der moderner Sprooche benotzt gëtt fir eppes ze beschreiwe, wat besonnesch grouss oder bedeitend ass. Zum Beispill: "Megabyte" (eng Millioun Bytes) oder "Megaphone" (e groussen Telefon deen haart jäizt).

"Mega" kann een net steigeren: et ass schonn ee Superlativ. "Mega gutt" oder "Mega mega gutt" ass einfach onnéideg a weist just datt deejéinegen ze déif an d'Glas gekuckt huet.

"Mega" ass ee Präfix fir eppes Grousses oder Bedeitendes ze beschreiwen. Zum Beispill: "Megalomanie" oder "Megahertz". Einfach "Mega" eleng an den RTL-Mikro ze jäize kléngt vläicht cool, ass awer grammatesche Blödsinn. Wéi wär et mat e bësse Kreativitéit? Amplaz ëmmer "mega" ze brëllen, kann een och aner Superlative probéieren. Wéi wier et mat "immens", "fantastesch" oder "formidabel"? Domat weist een net nëmmen, datt ee sproochentalentéiert ass, mee et kann een déi aner Partyleit  a virun allem d'RTL-Nolauschterer beandrocken.

A wärend RTL bal ausschliisslech vun der Saufparty am "Stall" bericht, ginn aner Attraktiounen op der Schueberfouer ënner.

Mee firwat iwwer ee Riserad oder Barbe-à-Papa berichten, wann et jo deen ultimative "Mega" Event am "Stall" gëtt? Schliisslech ass dat net nëmmen eng einfach Party, mee eng "Mega" Party. A wéi mer alleguer wëssen, ass dat dee gréisste Luef, deen een an moderner Partykultur kréie kann. 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0