· 

#Satir | Mielwuermpolver endlech legaliséiert!

Wéi Insekten eis Iessgewunnechten änneren

Laang hunn déi europäesch Konsumente missten drop waarden - elo ass et endlech Realitéit. Wat an den asiatesche Länner längst zum Alldag gehéiert, mécht d'Europäesche Kommissioun mat hirem Reglement (EU) 2025/89 lo méiglech. Rieds ass vun der Legaliséierung vu Mielwuermpolver an eise Liewensmëttelen.

Pénktlech fir de neie Sanktiounspak, deen d'Düngemëttel aus Russland op déi schwaarz Lëscht setzt, ass den 10. Februar 2025 d'EU-Reglement (EU) 2025/89 vum 20. Januar 2025 a Kraaft getrueden. Endlech ginn d'Larve vum Mielwuerm tenebrio molitor a Polverform als neiaartegt Liewensmëttel zougelooss.

Vu datt bëlleg russesch Düngemëttel net méi disponibel sinn, kënnen europäesch Bauere keng erschwénglech Liewensmëttele méi produzéieren. Awer keng Panik! Mielwierm an hir Derivater, wéi Mielwuermpudder, dat voll am Trend läit, sinn d'Rettung.

Goufe Mielwierm fréier als Köder beim Fësche benotzt oder als Ergänzungsmëttel beim Vullefudder bäiginn, erlieft de Mielwuerm haut eng reegelrecht Renaissance. Dank dem neien EU-Reglement dierfen se elo direkt op eisen Tellere landen.

An der fräier Natur fënnt ee Mielwierm virun allem a Kompostkéip oder a Kären - hire Lieblingsmenü.

Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt Mielwierm och fir eis Mënschen narhaft sinn. Hir Ziichtung ass bëlleg, wat sech besonnesch an Zäite vun Inflatioun ausbezilt.

Vu Gebäck iwwer Pasta bis hin zu Kéis a Kompott

Bis zu 4 Prozent Mielwuermpolver däerfe vun elo un am Brout a Bréidercher, Kuch, Nuddelen, Kéis, Produkter mat Gromperepurée, am Uebst- an am Geméiskompott verschafft ginn. "Luxembourg Jungle" wollt beim Ministère fir Konsumenteschutz nofroen, wat lo op d'Bierger duerkënnt, mee well de Premier Luc dëse Ministère ofgeschaaft huet, blouf eis näischt aneschters iwwreg, wéi eis beim Cactus schlau ze maachen. Op d'Fro, wéi Liewensmëttele mat Mielwierm schmaachen, sot eis den Direkter vun der Supermarchéschaîne: "De Goût ännert sech nëmme ganz minim. Mielwierm schmaache liicht no Nëss, also eppes, wat eis alleguer vertraut ass." Fir erauszefannen, ob Liewensmëttel Mielwierm enthalen, krute mer follgend Äntwert: "Dat ass iwwerhaapt net komplizéiert. De Konsument muss just dat Klenggedrécktent op der Récksäit vun der Verpackung liesen. Fënnt en do de Begrëff  'Tenebrio molitor', weist dat drop hin, datt de Produit Mielwierm a Form vun UV-behandeltem Larvepolver enthält. Mielwuermpolver ass eng clever Léisung fir d'Inflatioun ze bremsen an de Konsumenten, déi sech normal Liewensmëttel geschwënn net méi leeschte kënnen, d'Méiglechkeet ze ginn, trotzdeem gesond ze liewen, ouni op hier néideg Ratioun Protein mussen ze verzichten."

Ma och haut ginn et schonn eng ganz Rëtsch vu Produiten, déi Mielwierm enthalen, virun allem a Kosmetikprodukter wéi zum Beispill Crèmen, Lotiounen, Fiichtegkeetscrèmen oder Tinkturen. De Mielwuerm erweist sech als besonnesch hautfrëndlech, well e fir déi néideg Fiichtegkeet suergt.

▲An enger Mielwuermziichterei
▲An enger Mielwuermziichterei

Lieweg an d'Dëppen

De Prozess vum Mielwuerm zum Pudder ass schounend - och fir d'Déieren. Industriell geziichte Mielwierm gi fir d'éischt bei liewegem Leif a klorem Waasser blanchéiert. Awer keng Angscht, si spieren näischt. Duerno ginn se gedréchent an da veraarbecht, zum Beispill zu Polver gemuel. Dëst Polver gëtt mat UV-Luuchte bestraalt, wéi mer et aus dem Solarium kennen. Dat verlängert d'Haltbarkeet vum Wuermpolver an ass entscheedend fir dee liicht geréischterten Nossgoût. Theoretesch ka jiddereen säin eegent Mielwuermpudder doheem a senger Kichen hierstellen.

No den éischten Eekeleffekter, ginn d'Liewensmëttelproduzenten dovun aus, datt de Mielwuerm séier op Akzeptanz an der Bevëlkerung stousse wäert. A schonn no e puer Woche liest kee méi dat Klenggedrécktent op der Verpackung. Et ass also just eng Fro vun der Zäit, bis de Mielwuerm deen neien Trend-Food gëtt a mer eis froen: Wéi konnte mer nëmmen sou laang ouni dës krockant Proteinquell liewen?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0