· 

#Satir | D'hëlze Foussgängerbréckelchen vu Konsdref

Eng Bürokratesch Tragedie a fënnef Akten

Wa Bürokratie an Natur openeen treffen, ass d'Resultat eng eenzegaarteg Aventure. Am Häerz vum charmante Mëllerdall, wou natierlech Schéinheeten a geologesch Wonner drop waarden, entdeckt ze ginn, spillt sech momentan eng Realsatir of, déi d'Häerz vun all erfuerene Bürokrat méi séier schloen deet.

1. Akt: De Problem ⎻ Am pittoreske Mëllerdall, dat 2022 op d'Lëscht vum UNESCO Weltiewe koum, waart eng eemoleg Erausfuerderung op d'Wanderer: eng futtis hëlze Foussgängerbréckelchen bei der Kellektuffquell. E puer lasse Brieder - en einfacht Hindernis fir all erfuerene Wanderer, dee gewinnt ass Auto-Pédestres ze maachen. Awer wat wier d'Natur ouni Bürokratie?

Akt 2: D'Verhandlungen ⎻ Séier gëtt kloer, datt et net duer geet, eng Equipe vun Handwierker mat Hummer an Neel op d'Plaz ze schécken fir déi puer lasse Brieder ze ersetzen. Nee, hei sinn et déi richteg Décideuren, déi intervenéiere mussen. Sou gouf ee Gipfeltreffen organiséiert, un deem de lokalen Tourismusverband, d'Gemenge Konsdref a Waldbëlleg, d'Syndicats d'Initiatives et de Tourimse vun deenen zwou Gemengen, d'Natur- a Forstverwaltung (ANF), d'Generaldirektioun vum Tourismus aus dem Wirtschaftsministère an natierlech den Natur- a Geopark Mëllerdall deelgeholl hunn. Si souzen ëm den Dësch an hu verhandelt. Wat en Engagement!

3. Akt: D'Etüd ⎻ Déi hefteg Diskussiounen hunn zu enger evidenter Conclusioun gefouert: Mir brauchen eng Etüd! Et muss dofir gesuergt ginn, datt d’Ersetze vun de lassene Brieder net déi geologesch Wonner vum Mëllerdall beaflosst. Wie weess, vläicht entdecken e puer Wichtigtuer jo eng revolutionär Alternativ zum Holz.

Akt 4: D'Conclusioun ⎻ Wärend d'Natur gedëlleg drop waart, entdeckt ze ginn, schafft en Team vun Experten onermiddlech un enger Léisung. Ass Holz wierklech déi bescht Optioun? Wier Stol net besser? A firwat net e puer Solarpanneauen uschrauwen - fir ze weisen, datt Konsdref Wäert op Nohaltegkeet leet?

Akt 5: D'Decisioun ⎻ No ville Reuniounen an endlosen Debatten ass endlech d'Entscheedung geholl ginn: d'Brieder mussen ersat ginn - awer net haut, net muer, vläicht d'nächsten Hierscht, no der Etüd. Wahrscheinlech bestätegt d'Etüd dat wat jidderee scho weess: déi futtis Brieder mussen ersat ginn. Bis dohinner bleift déi kleng hëlze Foussgängerbréckelchen e Monument fir d'Effizienz an déi enorm Efforte vun der Bürokratie.

Fazit: Séier Léisungen? Net zu Lëtzebuerg! Wat mir brauche sinn onendlech laang Diskussiounen a virun allem ... eng Etüd! Gutt gemaach, léif Bürokraten! Dir weist eis, wéi een aus enger Méck en Elefant mécht. D'Wanderer freeën sech schonn op hier nächst Aventure am bürokratesche Labyrinth zu Konsdref.


Download
Communiqué Office de Tourisme Mullerthal, 24/10/2024
Communiqué Office de Tourisme Mullerthal
Adobe Acrobat Dokument 158.2 KB

Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0