· 

#Satir | Nohaltegkeet am Bësch

Méiglechst vill Beem fällen fir de Bësch ze retten

Muncherengem ass de faarwege Calicot vun der Natur- a Forstverwaltung sécher schonn opgefall. Dat artistescht Meeschterwierk ass strategesch virum Agang vum Bësch opgeriicht, fir Wanderer, Bëschcyclisten, Champignonsfrënn an Jogger ze warnen, dass et geféierlech ass, an de Bësch ze goen, well onverhofft Mottoseeën an Holzfäller laueren.

Um Calicot vun eiser Natur- a Forstverwaltung steet am Fettdrock: “Stopp! Liewensgefor!” Donieft gëtt d’Natur- a Forstverwaltung eng Erklärung: “Bëschaarbechte schafe Wäerter an erhalen äre Bësch.” Am Klenggedréckten gëtt dann nach op d’Nohaltegkeet higewisen.

Am Kloertext heescht dat: “Opgepasst! Hei gëtt richteg ofgeholzt, an zwar nohalteg! Also, bleift léiwer stoen an iwwerleet, ob Dir wierklech nohalteg wëllt an ee Koup Holzspéin verwandelt ginn.”

Um Banner gesäit een eng Fra op hirem City-Bike. Si symboliséiert déi modern an ëmweltbewosst Gesellschaft an hir Naturverbonnenheet. Datt si virum Schëld “Danger!” stoebleift, weist op hier Intelligenz a Virsiicht hin. Ma och de Wanderer a säin Hond verkierperen d’Harmonie tëscht Mënsch an Natur. Hir Entscheedung, virum Schëld “Stopp! Liewensgefor” stoenzebleiwen, weist hiert Versteesdemech fir d’Geforen an d’Erausfuerderungen vun enger nohalteger Forstwirtschaft. Den Holzfäller um Bild stellt déi fläisseg Hänn duer, déi fir d’Erhale vun eisem Bësch schaffen. D’Ëmseeën vun engem gesonde Bam ass stellvertriedend fir déi batter awer noutwenneg Moossnamen, déi mussen ergraff ginn am Sënn vun der Nohaltegkeet.

De Kreeslaft vum Liicht

Firwat sinn dës Bamfälleraarbechte sou wichteg? Dozou den Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung: “Wa mir Beem fällen, da kréien déi nei, kleng Beem méi Luucht. Awer och d’Mënschen am Bësch kréien da méi Luucht. Méi Luucht bedeit manner Schied, manner Schied bedeit méi Sonn, méi Sonn bedeit méi Vitaminn D, méi Vitaminn D bedeit méi gesond Knachen, méi gesond Knachen bedeit eng Entlaaschtung vun eisem Gesondheetssystem, eng Entlaaschtung vun eisem Gesondheetssystem bedeit méi Geld an der Staatskeess. Wéi Der gesitt, hu mir all Virdeeler, sou vill wéi méiglech Beem, am beschten al Beem, ëmzehaen. Dat ass nohalteg.”

Fir ze verstoen, firwat dës Bamfällaktiounen nohalteg sinn, ass et wichteg, d’Bedeitung vun der Nohaltegkeet ze verstoen. Wéi jidderee weess, besteet d’Wuert “nohalteg” aus den zwee Komponenten “no” an “halteg”. “No” weist op eng gewësse Reiefolleg hin, datt eppes zäitlech oder räimlech hannert eppes anerem läit. Zum Beispill: Nom Reen kënnt d’Sonn. “Halteg” ass en Hiweis op d’Qualitéit, d’Substanz oder de Contenu vun eppes. Zum Beispill ass eppes “koffeinhalteg”, wann et Koffein enthält. “Halteg” bedeit also näischt aneres wéi “räich un” oder “voll vun”. Kombinéiere mer déi zwee Deeler, da kréie mer “nohalteg” – also “räich un Zukunft”. Nohalteg gesinn handelt et sech bei der Nohaltegkeet ëm de Prinzip, haut dofir ze suergen, datt mer an der Zukunft genuch hunn, fir eis ëmmer nees Gedanken iwwert d’Zukunft maachen ze kënnen. Well wee wëll schonn, dass d’Zukunft op eemol ophält?

D’nohaltegt Fälle vu Beem bedeit, datt sou vill Beem wéi méiglech ëmgeseet ginn, fir datt eis Kanner a Kandskanner spéider all déi kleng neigeplanzte Beem och nees kënne ëmseeën. Et ass also ee Generatiouneprojet.

Entgéint der Meenung vu ville Kritiker, ass de Begrëff “Nohaltegkeet” beileiwe keng allgemeng Entschëllegung fir sou zimlech alles, wat mat der Natur gemaach gëtt. “Nohaltegkeet” bedeit och, datt mer generéis Holz fir d’Hierstellung vu Miwwele brauchen, déi mer zwar dann, ganz “nohalteg”, no fënnef Joer op den Tipp geheien, well se net méi dem aktuellen Trend entspriechen.

Monetär Wäerter am Bësch

Bëschaarbechte schafe Wäerter, an erhalen Äre Bësch”, steet och um Plakat. Dee Saz stécht voller verstoppte Messagen. Dozou nach emol den Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung: “Natierlech denke mir an éischter Linn u Geldwäerter – a loosse mer éierlech sinn: ween denkt net dorun? Mir haen d’Beem ëm, verkafen d’Holz a - voilà! - mir hunn e monetäre Wäert geschaf. All Bamstamm gëtt zu Geld.”

Fir anerer läit dee geschafene Wäert am Mehrwäert, also an der Plus-Value. Wat méi Beem ëmgehae ginn, wat mer méi Plaz an eise Bësch kréien. Plaz fir ze picknicken, Plaz fir eis ze sonnen a méi Plaz fir Rave-Partyen ofzehalen. Ee Mehrwäert fir eis alleguer!

D’Natur- a Forstverwaltung passt och drop op, datt d’Beem net ze al, ze grouss oder ze déck ginn – a berifft sech dobei op d’Theorie vun der ökologescher Moderatioun. De Verwaltungsdirekter erkläert dat esou: “Beem, déi ze al an ze grouss ginn, hunn d’Tendenz, sech ee Schiedmonopol ze sécheren. Si schuppen deenen anere Beem dat liewenswichtegt Sonneliicht. Ma als Natur- a Forstverwaltung dulde mir keng Monopolstellungen – net an der Wirtschaft an och net am Bësch!” Ze grouss an ze déck Beem stéieren d’harmonescht Bild. E Bësch voller gläichméisseg klengen an dënne Beem ass d’Ideal, wat erreecht soll ginn. Dat schaaft eng berouegend Atmosphär fir d’Wanderer an d’Cyclisten.

Doriwwer eraus symboliséiert ë Bësch, dee reegelméisseg verjéngt gëtt, Erneierung an Hoffnung. Al an déck Beem sti fir d’Vergaangenheet, wärend jonk an dënn Beem d’Zukunft verkierperen. Duerch d’Ëmhaen vun ale Beem weist d’Natur- an Forstverwaltung, datt si un d’Zukunft gleeft an d’Wäerter vun der stänneger Erneierung a vum Fortschrëtt héichhält. D’Balance tëscht Luucht a Schied, jonk an al ass kruzial fir ee nohalteg gesonde Bësch.

En ale Bam verplanzt een net - et seet een en ëm

Wéi oft hu mer de Sproch héieren: “Een ale Bam verplanzt een net”? Ënnert dësem Motto handelt d’Natur- a Forstverwaltung. Amplaz se ze verplanzen ginn se ëmgeseet. An eiser moderner Gesellschaft hu mer eis genuch Problemer mat den al Leit opgelueden, déi mer aus hirem natierlechen Ëmfeld erausrappen an an d’Alters- a Fleegeheimer verplanze mussen. Am Bësch kann een dee Problem ganz einfach mat der Mottosee léisen.

Awer lo mol éierlech: Sollte mer eis net mol froen, ob mer eppes wichteges verléieren – sief et am Bësch oder am Liewen – wa mer déi al, grouss an déck Beem einfach liquidéieren. Well genee wéi en ale Bam, deen déif verwuerzelt am Buedem steet, sinn och eis eeler Matmënschen en integrale Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Si bidden Halt, Schied a Schutz. A genee wéi de Bësch en harmonescht Gläichgewiicht tëscht jonke Planzen an ale Rise brauch, brauch och eis Gesellschaft ee Gläichgewiicht tëscht Jonk an Al.

Loosse mer also driwwer nodenken, wat fir Wäerter mer schafe wëllen – an ob mer net vläicht déi richteg Wäerter dora fannen, wa mer souwuel déi al Beem wéi och déi al Leit an eisem Liewen schätzen an erhalen.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0