Just um Pabeier
Wärend déi meescht vun eis am Déifschlof sinn, verwandelt de Findel, eise gudden ale Lëtzebuerger Fluchhafen, sech an eng lieweg Metropol fir Nuetseilen. Mat beandrockenden 3.044 Flich, déi d'Nuetsfluchverbuet 2024 verletzt hunn, erlieft Lëtzebuerg e Comeback vum Schlofmangel.
Dat maache ronn 10 Flich pro Nuecht aus. Oder anescht ausgedréckt: all Dräivéierelstonn start oder land nuets ee Fliger zu Lëtzbuerg - trotz Nuetsfluchverbuet.
"Mir hunn d'Nuetsfluchverbuet éischter als frëndleche Rotschlo ugesinn, an net als eng bindend Reegel interpretéiert", huet e Pilot op Nofro vu 'Luxembourg Jungle' hin gegeckst. "Wien huet dann hautdesdaags nach Zäit fir e gesonde Schlof ? An ausserdeem: Bei der Landung maache mir eng Duerchsoo, datt d’Leit kee Kaméidi solle maache, wann si de Fliger verloossen", huet hie präziséiert.
Zu Lëtzebuerg existéiert d'Nuetsfluchverbuet just um Pabeier. D'Wort schreift, et géife keng Sanktiounen verhaange ginn, well et fir d'Nuetsfluchverbuet iwwerhaapt kee Gesetz géif ginn. Aha! D'Nuetsfluchverbuet ass also näischt anescht, wéi en Hond ouni Zänn - a wann en nach esou haart billt, zoubäisse kann en net. Eng Reegel ouni Gesetz ass wéi Loftgitar spillen - dramatesch gestikuléieren bei eeschter Mimik, ouni dee geréngsten Toun vu sech ze ginn. Eng super Show, awer um Enn bleift alles roueg an ouni Wierkung.
D'Wort schreift och, datt zwee Drëttel vun de Nuetsflich kommerziell Flich sinn, geet awer net an den Detail, ëm wat fir Flich et sech bei deem aneren Drëttel handelt. Sinn et éiere geheim Regierungsoperatiounen? Ausserirdesch Visiteuren? Fluchhafegeeschter a geheimer Missioun? Do wär onbedéngt eng Question parlementaire ubruecht fir déi néideg Opklärung vun der Transportministesch ze kréien.
Ma well d'Regierung jo souwisou geplangt huet, datt d'Buttéker och nuets kënnen ophunn, ass et net vu Muttwëll, potentiell Clienten anzefléien. An deem Sënn ass wahrscheinlech och der Transportministesch hiren Enthousiasmus ze verstoen, de Fluchhafen ze vergréisseren.
Um Enn bleift d'Fro: Solle mer d'Nuetsfluchverbuet net einfach ofschafen an amplaz Ourestëpp un d'Leit verdeelen?
Kommentar schreiben
Pol (Mittwoch, 22 Januar 2025 12:27)
Cargolux dierf dach souwéisou machen waat se wëll.