· 

#Satir | HUT - Eng ONG mat Polizeischutz

Satir oder Realitéit ?

Gëschter war en historeschen Dag fir HUT ("Hëllef um Terrain"), déi nei Net-Regierungsorganisatioun ënner der Fuchtel vun der ... Regierung, déi sech fir d'Bekämpfung vum mënschleche Leed asetzt. D'Press annoncéiert houfreg: HUT huet hiren éischte Generaldirekter ernannt. Wat als grousse Fortschrëtt am Sozialsecteur annoncéiert gëtt, stellt sech als satiresche Spektakel eraus, wann ee méi genee hikuckt.

HUT, stolzen Ierwe vum Caritas-Skandal a vun der Fondation Caritas, huet eng wichteg Missioun: d'Mënschheet viru sech selwer ze retten. A wien ass fir des karitativ Aufgab besser qualifizéiert wéi de fréiere Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Police? Well wann et een am Land gëtt, dee weess, wéi ee mam Misère ëmgeet, dann ass et e Policechef! Schliesslech huet hien Erfahrung gesammelt bei der Ëmsetzung vum Heescheverbuet an dem Platzverweis. Haut muss hie fir déi antrieden, déi hie virdru gejot huet. Awer dat ass e Kannerspill.

D'Grënnung vun HUT war eng clever Iddi vun der Regierung fir déi ganz Caritas-Affär ënnert de berühmt-berüchtegten Teppech ze kieren. Et ass schliisslech vill méi einfach eng nei ONG ze grënnen wéi richteg Reformen ëmzesetzen. A wärend d'Bierger sech nach ëmmer froen, wou dann déi 62 Milliounen Euro higaange sinn, déi op eng mysteriéis Manéier verschwonne sinn, preparéiert eisen neie CEO scho seng nächst Undercover-Operatioun.

Ah, de "Presidententrick", d'Wuert vum Joer 2024, eng wonnerbar Geschicht, déi zwar keen zu Lëtzebuerg gleeft, mä déi awer als offiziell Versioun verkaaft gëtt. Firwat? Well d'Wourecht dacks manner lëschteg ass wéi ee gutt Mäerchen. Also wat maachen? Et setzt een e Polizist un d'Spëtzt vun HUT, fir de Schäin ze bewaren an d'Ermëttlungen an normalen Zivilkleeder weiderzeféieren. Vive déi kreativ Léisung!

Ma am Eescht: Wat qualifizéiert en héich dekoréierte Policechef fir d'Leedung vun enger karitativer Organisatioun ze iwwerhuelen? Vläicht seng Fäegkeet, Ligen a Verbriechen opzedecken? Oder einfach seng Fäegkeet, gutt a senger Uniform auszegesinn? Wéi och ëmmer, d'Regierung schéngt ze gleewen, datt dëst déi ideal Léisung ass.

Also firwat gouf hie wierklech un d'Spëtzt vun HUT genannt? Soll hien als Retter optrieden oder éischter d'Fassad vun der Regierung retten? A wat wäert HUT ënner senger Leedung erreechen? Mat der Zäit gesi mer méi kloer. Mat Spannung waarde mer op éischt Resultater vun HUT, virun allem op dës ONG dee néidegen Éiergäiz huet, sech fir eng méi sozial Welt anzesetzen oder op mer nëmmen d'Fortsetzung vun der aktueller Comédie dramatique erliewen. Ëmmerhin, wien ass besser bestallt, déi Aarm ze retten wéi deen, deen se gëschter gejot huet? Dat alles erënnert e bëssen drun wéi wann een de Bock zum Gäertner mécht.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0