· 

#Satir | Opgepasst! Am Januar gëtt et kal!

WÉI GUTT, DATT METEOLUX ESOU BESUERGT ËM EIS ASS

Hutt Dir et och scho gemierkt? Et ass Wanter an et ass kal dobaussen, sou wéi all Wanter, zanter Mënschegedenken. Ma fir de staatleche Meteoservice, MeteoLux, ass dat ee Grond, eis mat Warnungen ze bombardéieren.

Haut de Moien, punkt 7 Auer, huet eng Pushnoricht um Schiirm vum Handy opgeblénkt: "Opgepasst, et gëtt kal - mir si matzen am Wanter!" Nach ier de Grand-Duché déi éischt verschlofe Sonnestralen erblécke konnt, goufe mer aus dem Hallefschlof gerappt, mat der entlarvender Nouvelle, datt et fraschteg ka ginn. Skandaléis! An dat am Wanter! Dobei duecht ech, mir wäre matten am Klimawandel.

Gutt, datt mir de staatleche Meteodéngscht hunn, deen eis esou alarmant an aussergewéinlech Message schéckt.

Ech woen mol ze behaapten, datt mir fréier amstand waren, d'Keelt nach selwer ze fillen an anzeschätzen, ouni staatlech Interventioun. Ma hautdesdaags ass et, wéi wa MetoLux eis onbedéngt matdeele misst, winni mer eng Mutz an e Mantel unzedoen hunn. Wéi erfrëschend! Endlech gi mer gewuer, datt d'Waasser bei Minustemperature fréiert. Merci, MeteoLux fir dës eenzegaarteg wëssenschaftlech Erkenntnisser.

▲Pushnoricht vu Meteolux, 13. Januar 2025
▲Pushnoricht vu Meteolux, 13. Januar 2025

Erënnere mer eis un d'leschte Summer, wéi mer matzen an der Afenhëtzt eng "Alerte de chaleur" geschéckt kritt hunn a gerode kruten, am Schied ze bleiwen. Eng top Berodung!

Net ze schwätzen vun der stänneger Phobie viru Reen a Schnéi. MeteoLux ass zu enger Zort Helikopterelteren ginn, déi eist alldeeglecht Verhalen bis an de leschten Detail iwwerwaacht a stänneg besuergt ass, eis gutt Rotschléi ze ginn:  Opgepasst! De Schnéi ass naass a kal. Warnung! De Wand kéint är Coiffure versauen. Gefor! Am Hierscht kënne Blieder vun de Beem falen. Passt op! Wann d’Sonn schéngt, muss ee mat den Aen blënzelen. Gitt Uecht! Schnéi ka glëtescheg sinn. Alerte! Bei Minustemperaturen fréiert d’Waasser. Oppassen! Nuets ass et däischter.

Wéi laang dauert et, bis mer déi éischt Wiederwarnung mat folgendem Text geschéckt kréien: „Opgepasst, schéint Wieder! Bleift doheem a genéisst et mat Moderatioun.“

Kommentar schreiben

Kommentare: 0