· 

Ouschtermessage vum "Luxemburger Wort"

Krichstrommelen amplaz Friddensglacken

An engem Kommentar, deen un Absurditéit kaum ze iwwerbidden ass, bezeechent d' "Wort" d'Friddensbewegung als “naiv” an erkläert se als déi gréisste Gefor fir eis Sécherheet. Anscheinend ass et hautdesdaags geféierlech, fir Diplomatie a Fridden ze plädéieren - eng Erkenntnis, op déi wuel nëmmen en intelligente Kapp aus der "Wort"-Redaktioun komme konnt.

Ënnert dem Titel “Naive Friedensprediger gefährden unsere Sicherheit” a mat der Eleganz vun engem Elefant am Porzeläinsbuttek wiermt den Auteur albekannten Horrormärercher op: Russland wëll d'Ukraine vun der Landkaart ausradéieren, a wann Europa sech net direkt ee gigantescht Waffenarsenal zouleet, da steet “de Russ" muer virun der Dier. Déi "russesch Gefor" gëtt wéi en Naturgesetz erofgeleiert, wärend den Auteur ganz niewebäi dovu schwäermt, d'EU erëm "wehrhaft", also kriegstüchtig, ze maachen. Ween do net am Gläichschrëtt  matmarschéiert, gëtt kuerzerhand als naïve, weltfrieme "Friddenspriedeger" ofgestempelt. Diplomatie? Lächerlech! Just méi Waffen, sou de Message, retten d’Welt.

Dës Rhetorik erënnert éischter u sensatiounsgäile Katastrophejournalismus wéi un eng gutt recherchéiert a fundéiert Berichterstattung.

Den Ouschtermessage vum fréiere klerikale "Wort" ass kloer: Fridden ass naiv, Krich ass verstänneg. Wärend d'international Gemeinschaft - vun afrikaneschen, südamerikaneschen an asiatesche Staaten bis bei de Vatikan - no diplomateschen Léisunge sicht, schloen se beim "Wort" äifreg op d'Krichstrommel a verlaange nach méi Waffen, nach méi Panzeren, nach méi Krich. Déi "eenzeg Sprooch", déi zielt, ass militäresch Ofschreckung. Datt dës "Sprooch" bis elo virun allem Doud an Zerstéierung bruecht huet, gëtt bewosst ausgeblend.

Besonnesch kreativ gëtt den Auteur, wann hien d’Friddensbewegung mat den angeeblech “gescheiterte Verhandlungen” tëscht den USA a Russland a Verbindung bréngt. Wär d’Friddensbeweegung net esou naiv gewiescht, Diplomatie ze fuerderen, wären dës Gespréicher sécher ee Succès gewiescht, gell? Wärend weiderhin Bommen op Zivilisten falen, gëtt de Ruff no Dialog als naiv, kannerech Fantasie ofgestempelt - eng Logik, déi sou grotesk ass, datt souguer den George Orwell gréng a giel vu Näid géif ginn. Wéi am Orwell sengem Roman 1984, schaaft de “Wort”-Journalist ee Paralleluniversum, an deem Diplomatie keng Chance huet a Kanoune Synonym fir de Fridde sinn.

An dann de Clou: De "Wort"-Prophéit deklaréiert déi lafend Friddensgespréicher fir gescheitert. Vergiesse mer einfach emol, dass d’Verhandlungen dës Woch zu London virugeféiert ginn, mëttlerweil mat Europa an der Ukrain um Dësch. Firwat soll een sech mat onbequeme Fakte beschäftegen, wann ee léiwer vireileg Conclusiounen zitt an d’Diplomatie op den Tipp geheit? Vläicht ass et jo de fromme Wonsch vum Auteur, datt alles an d’Bréch geet – déi perfekt Geleegenheet, nach méi fest op d'Krichstrommel ze schloen.

Wéi falsch den Auteur vum "Wort"-Artikel d'Realitéit aschätzt gesäit een och dorunner, datt hien d'Isolatioun vun Europa um internationale Plang komplett ignoréiert. Wéi de 24. Februar 2025 eng Resolutioun vun der UNO fir eng friddlech Léisung am Ukraine-Konflikt ugeholl gouf, hunn 18 vun 193 Staaten dergéint gestëmmt – all Géigestëmme koumen aus Europa. Dëst hätt sollen als Warnung ugesi ginn, an net als Invitatioun, nach méi déif an d’Sakgaass eran ze rennen. Europa ass isoléiert, steet mam Réck widdert der Mauer a verhält sech wéi een Déier am Käfeg – bereet, all Moment unzegräifen.

Um Enn bleift just nach eng Fro: Wien ass hei wierklech naiv? Déi, déi u Verhandlungen a Fridden gleewen, oder déi, déi eeschthaft der Meenung sinn, datt ee Krich mat nach méi Krich op en Enn brénge kann?


Och interessant:


▲ Artikel vum Florian Javel, "Wort"-Expert fir Asyl-, Jugend- an Agrarpolitik.
▲ Artikel vum Florian Javel, "Wort"-Expert fir Asyl-, Jugend- an Agrarpolitik.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0