· 

#Satir | Plus-value

Dat neit Super-Wuert vun eise maartradikale Politiker

Wéi den iranesche Kënschtler, Fotograf an Architekt, Alborz Teymoorzadeh, de 4. Oktober aus dem Land geheit gouf, huet déi zoustänneg Regierungskommissioun hir Decisioun domat begrënnt, datt dem Teymoorzadeh seng kënschtleresch Kreatiounen keng Plus-value fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft wären. Konscht muss sech also an Euro an Cent rechnen!

Entgéint deem, wat eis Regierungsvertrieder – alle virop den Innnenminister Léon Gloden - elo an hire Stellungnahmen behaapten, nämlech, datt den iranesche Kënschtler säi Liewensënnerhalt net hätt kéinte selwer bestreiden, hält d’Decisioun, mat där den Alborz Teymoorzadeh ausgewise gouf, eppes anescht fest. Den Inneminister Léon Gloden a seng Kollegen behaapten elo, datt de Kënschtler sech net hätt kënnen ernären. Mee déi offiziell Begrënnung liest sech wéi e Bericht vun der Bourse. Wuertwiertlech steet do dran "que les créations artistiques de Teymoorzadeh n'apportent  pas de véritable plus-value en termes d'intérêts économiques pour le Luxembourg, ne servent pas réellement les intérêts du pays et ne peuvent pas être considérées comme une intégration dans le contexte économique national ou local“. Et kéint ee mengen, de Staat hätt seng Wierker op eBay versteet, wär awer enttäuscht gewiescht, wéi e festgestallt huet, datt d'Auktioun net genuch Likes kritt huet. Nozeliesen an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land vum 4. Oktober 2024, Säit 19 (PDF am Schluss vum Artikel). 

Eng kënschtleresch Aarbecht mat enger Plus-Value ze bewäerten, ass esoou lächerlech wéi d'Qualitéit vun engem Buch nom Gewiicht vum Pabeier ze beurteelen, oder wéi eng Foto no der Unzuel vun de Pixelen amplaz vum festgehalene Moment ze bewäerten.

Ma och den Aarbechtsminister Georges Mischo huet sech dem Wahn vun der Plusvaluenitis verschriwwen. No enger turbulenter Reunioun mat de Patronen a Gewerkschaften den 8. Oktober, huet hien deklaréiert, datt d'Meenung vun de Gewerkschaften irrelevant wier, well se souwisou keng "Plus-value" duerstelle géif. A flatsch! Do hu mer se erëm, eis "Plus-value". Wëssen eis Politiker wierklech vu wat se schwätze wa se iwwer "Plus-value" schwätzen oder schreiwen?

Plus-value: Definitioun an e Beispill

D' "Plus-value" ass e reng ökonomesche Begrëff, deen de Gewënn tëscht de Verkafs- an Akafspräis duerstellt. Dobei kann et ëm all Méigleches goen: Aktien, Immobilien oder souguer en ale Vëlo. De Géigendeel ass "Moins-value", d.h. wann een eppes mat Verloscht verkeeft. Op Englesch schwätze mer vu "capital gain" oder "added value"; op Däitsch vum Veräußerungsgewinn, Kapitalgewinn, Wertzuwachs oder Wertsteigerung.

Beispill: En Immobiliehai keeft en Haus fir 500.000 Euro a léisst et dann eidel loossen. No fënnef Joer ass de Wäert bal verduebelt ouni datt an d'Haus investéiert gouf. Den Immobiliehai verkeeft d'Haus fir 950.000 Euro, wat engem Gewënn oder enger "Plus-value" vu 450.000 Euro entsprécht (950.000 Euro Verkafspräis - 500.000 Euro Akafspräis). Opgepasst! Dëst Beispill ass reng Fiktioun, well esou Fäll vun Immobiliespekulatiounen zu Lëtzebuerg natierlech net existéieren.

D’Verwendung vum Wuert “Plus-value” vum Léon Gloden a vum Georges Mischo ass also komplett deplacéiert, ausser wann den Inneminister Konschtwierker vum Alborz Teymoorzadeh kaaft hätt an se dann mat Gewënn weiderverkafe willt. Oder den Aarbechtsminister hätt d'Gewerkschafte kaaft. All dat kann een sech schwéier virstellen, och wann et net ganz ausgeschloss ka ginn.

Kakologie

Awer och eng Rei aner Politiker benotzen ëmmer méi oft de Begrëff "Plus-value" an hire Rieden. Beim Besuch vun der Hëllefsstruktur fir Drogenofhängerer "Abrigado", huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez am Eescht d'Fro iwwer d' "Plus-value" fir Lëtzebuerg gestallt. Huet si erwaart, datt d'Drogenofhängeger Aktienoptioune matbréngen?

Den Ëmweltminister Serge Wilmes ass ee richtege Fan vum Begrëff "Plus-value“. Et mengt ee bal, hien hätt en erfonnt! Vläicht kënnt deemnächst ee neien Dictionnaire eraus, op deem d’Gesiicht vum Serge Wilmes drop ass, als Hommage un säin onermiddlechen Asaz fir dat neit Moudewuert. Am Kader vum Projet „Méi Natur an eise Schoulhäff“ ënnersträicht hien: "Beem a gréng Infrastrukture sinn eng Plus-value fir d'Biodiversitéit“. Dëst ass natiirlech Blödsinn, ausser de Minister willt de Schoulhaff verkafen an de Keefer wär bereet, eppes dropzeleeën, well Beem am Haff stinn. An engem Artikel am Paperjam iwwert d’Prioritéiten vun der Regierung am Ëmweltberäich, gëtt de Serge Wilmes folgendermoossen zitéiert: "Ech konzentréiere mech am Ëmwelberäich op déi grouss ökologesch Projeten, déi et erméiglechen, eng gewësse Plus-value fir d'Ëmwelt ze generéieren“. Huet de Serge Wilmes éire wëlles, d’Ëmwelt gewënnbréngend ze veräusseren? Sinn deemnächst eis Bëscher op der Bourse cotéiert?

D'UNO als Finanzjongleur

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel, sengersäits, huet a senger Ried virun der UNO-Generalversammlung, den 20. September, d'Welt mat enger revolutionärer Iddi iwwerrascht: D'UNO-Institutioune sollen an Zukunft eng Plus-value generéieren. D'UN, bekannt fir hir humanitär Operatiounen a Friddensmissiounen, gëtt elo och e Finanzjongleur. D'Blohelmer sollen net nëmme just Fridden, ma och Aktien an d'Krisegebidder bréngen. "Nous voulons continuer d’apporter une plus-value dans les institutions de l’ONU", huet de Minister houfreg deklaréiert. An der Mëttespaus kënnen d'UNO-Zaldoten dann hiren Helm géint ee Laptop tauschen fir iwwert déi neitst Entwécklungen op der Bourse ze diskutéieren. Vläicht gëtt am Sécherheetsrot dann net méi iwwer Sanktiounen, mee iwwer déi bescht Investitiounsstrategien diskutéiert. A wie weess, vläicht trëtt de Generalsekretär geschwënn als CEO vun der "UNO Investment Corporation" op, mat engem Portefeuille, deen souguer gestanen Investisseuren neidesch mécht. De Gewënn gëtt natierlech reinvestéiert. De Fridden soll sech rentéieren, an d'UNO soll dofir Dividenden ausbezuelen. 

Den Haff: Palais de la plus-value

Souguer eis Press verschount eis net mam neie Moudewuert "Plus-value". A wien kéint besser vun dësem Trend profitéieren wéi d'Lëtzebuerger Monarchie? De Paperjam huet viru kuerzem en Artikel püblizéiert, mam Titel: "Avec le conseiller du grand-duc héritier - Tim Kesseler: 'Apporter une plus-value au Prince Guillaume'". Den Tim Kesseler, Beroder vum Patrimoine vum Statthalter Prënz Guillaume, huet et zu senger Missioun gemaach, dem Haff eng "Plus Value" ze verschafen. Wëllt de Paperjam eis kloer maachen, datt et hei ëm déi nobel Aufgab geet, de Räichtum vun der Monarchie ze vermehren. Well wat wier e Prënz ouni seng Plus-value wäert? E gewéinlechen Adelegen, dee sech mat einfache Millioune zefriddegëtt? Onvirstellbar! Vläicht gëtt de Palais geschwënn a "Palais de la Plus-value" ëmbenannt an déi groussherzoglech Receptiounen ginn a Boursen-Eventmeetingen ëmgewandelt, bei deenen d'Gäscht hir Aktieportefeuillen presentéieren. De Gewënn gëtt natierlech reinvestéiert – zum Beispill an déi nei Annex vum Schlass zu Colmar-Bierg oder an en neien Objet op der Atlantikküst am franséische Baskeland, am beschten zu Biarritz.

D'Fréierzéiung - eng plus-value

D'Moudewuert "Plus-value" gëtt och dacks vun anere Politiker benotzt. Souguer déi ganz Kleng goufen domat geplot, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch a senger Ried iwwert d'Éducation précoce vun "enger richteger Plus-value“ geschwat huet. Den Inneminister Léon Gloden beschreift déi nei Unité de Police locale als eng "echt Plus-value“ am Sécherheetsberäich.

De Familljeminister Max Hahn huet sech gefrot, ob de Guichet Social tatsächlech eng "Plus-value" duerstellt, an d'Gesondheetsministesch huet sech bei der Aféierung vun der Spidolskaart déi selwecht Fro gestallt. Et kéint ee bal mengen, dass sozial Servicer a Gesondheetskaarten op der Bourse gehandelt ginn.

Wou bleift d'Mënschlechkeet?

Wéi wier et, wann eis Politiker vun hirem permanente wirtschaftlechen Denken ewech kéimen an de Mënsch an d'Ëmwelt amplaz vun der "Plus-value" nees an de Mëttelpunkt géife stellen? Dëst wär definitiv am Interesse vun de Leit. Mee vläicht ass dat ze vill verlaangt an enger Welt, wou souguer de Wäert vun engem Bam an Euro an Cent gemooss gëtt. Well anscheinend zielt hei zu Lëtzebuerg nëmmen dat, wat sech rechent – d‘Mënschlechkeet an d‘Natur bleiwen do op der Streck.


Download
Artikel LAND iwwert d'Ausweisung vum Alborz Teymoorzadeh
Land 04102024.pdf
Adobe Acrobat Dokument 545.6 KB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0