· 

#Satir | Polizeistaat nom Lëtzebuerger Modell

Wëllkomm an der Ära vun der geneemegter Meenungsfräiheet

En Tageblatt-Artikel vum 21. Oktober huet fir Opreegung gesuergt. An dësem literaresche Meeschterwierk gëtt der aktueller Rietsregierung virgeworf, en Avant-Projet de loi ausgeschafft ze hunn, mat deem d'Versammlungsfräiheet an d'Demonstratiounsrecht mat haarder Hand soll ageschränkt ginn. Wat ass drun un dëse Beschëllegungen?

Ënnert dem Titel "Versammlungsfreiheit unter Druck / Einschränkungen im Namen der Ordnung" behaapt den éiergäizegen Tageblatt-Journalist, am Besëtz vu engem "Avant-Projet de loi" ze sinn, mat deem d'Versammlungsfräiheet an d'Demonstratiounsrecht zolitt soll ageschränkt ginn. Am Artikel gëtt d'Regierung beschëllegt, d'Leit bewosst mat den Definitioune vun "Attroupement" a "Rassemblement" ze verkuerbelen. Kucke mer eis déi eenzel Begrëffer mol un.

Laut dem franséische Gesetz ass en "Attroupement" (Däitsch: Menschenauflauf, Menschenansammlung, Zusammenrottung; Englesch: crowd, flock, mob) eng zoufälleg, also net geplangten Usammlung vu Leit am ëffentleche Raum, déi den allgemenge Fridde stéiert. Souwäit alles kloer? Nee? Gutt, well genee dorëm geet et!

E „Rassemblement“ (Däitsch: Menschenansammlung, Auflauf, Aufmarsch; Englesch: rally) ass dogéint eng Usammlung vu Leit, déi geplangt ass an eréischt dann illegal gëtt, wann se zu engem verbuedenen „Attroupement“ ausaart. Kléngt konfus? Perfekt!

Also: en "Attroupement" ass spontan a stéiert den allgemenge Fridden, während ee "Rassemblement" geplangt ass an d'Leit friddlech si wéi brav Lämmercher.

Nodeem dësen Definitiounschaos gekläert ass, werfe mer ee Bléck op déi drakonesch Strofen, déi eisen zukünftegen Demonstranten bléien.

Jiddereen, deen trotz Warnung vun der Police, un engem "Attroupement" deelhëllt, kann sech op eng luxuriéis Geldstrof vu bis zu 10.000 Euro an eng Prisongsstrof vu bis zu zwee Joer freeën.

Wann en Demonstrante mat enger Waff erwëscht gëtt oder sech traut, säi Gesiicht ze vermummen, riskéiert hien en Openthalt am Prisong "all inclusive" vu bis zu dräi Joer, finanzéiert vum Staat, an eng Geldstrof vun 10.000 Euro.

Alles ass eng Waff

Awer dat Bescht kënnt nach: d'Definitioun vum Begrëff "Waff" gëtt a senger voller satirescher Pracht erweidert. Wärend bis elo nëmme Schosswaffen, Messeren, Säbelen, Schwerter, Doudschléier, Knëppelen, Pefferspray an ähnlech kleng Saachen als Waffen ugesi goufen, soll d'Waffegesetz elo mat folgendem sarkastesche Saz erweidert ginn: "Waffe sinn all méiglech Géigestänn oder Substanzen, déi kënne benotzt gi fir ze verletzen, ze schloen oder ze menacéieren." Am Prinzip kann dat all x-belibege Géigestand sinn.

Beispiller vun dëse kreative Waffen sinn:

  • Glace-Cornet: kann als geféierlech Stéchwaff benotzt ginn;
  • Buch: mat Schwong geworf, kann et zur Bewosstlosegkeet féieren;
  • Banann: eng gutt plazéiert Bananenschuel ka sérieux Ausrutscher verursaachen;
  • Coffee-To-Go: gliddege Kaffi op ee schëdden verursaacht schwéier Verbrennungen;
  • Schong: e präzis geworfene Schong kann een aneren esou haart treffen, datt en den Tommel kritt;
  • Loftballon: wann e platzt, kann en eng Panikreaktioun ausléisen;
  • Bürosklamer: gezielt geworf, kann se ee klengen awer subtile Stéch verursaachen;
  • Schlëssel: kann net nëmmen Autoslack zerkrazen, mee kann och als Stéchwaff benotzt ginn.

Den Avant-Projet de loi, wéi aus dem Tageblatt-Artikel ervirgeet, gesäit och vir, datt de Buergermeeschter ee "Rassemblement" verbidde kann, wann e virun engem Gebai stattfënnt, dat zu Wunnzwecker benotzt gëtt. "An Zukunft wäerten nëmmen Demonstratiounen am Bambësch stattfannen", schreift d'Tageblatt a weist mam Fanger op déi rietsliberal Regierung aus CSV an DP.

Erënnerungen un deen ale Luc

Eng Partie Leit erënnere sech nach un de béise, kalen ale Luc, deen a senger Funktioun als Justizminister 2002 déi berühmt-berüchtegt "Lex Greenpeace" ausgeschafft huet, nodeems Greenpeace-Aktivisten, an enger spektakulärer Aktioun de 25. Oktober 2002, déi 28 Shell-Tankstellen zu Lëtzebuerg temporär blockéiert hate fir géint déi skandaléis Ëmwelt- a Klimapolitik vum US-Konzern ExxonMobil ze protestéieren.

Deemols wollt deen ale Luc de Code pénal duerch den Artikel 442-1 ergänzen, deen et erlaabt hätt, Demonstrante strofrechtlech ze verfolgen. Am Volléksmond gouf vun der "Lex Greenpeace" geschwat. Fir seng Reform vum Code pénal besser ze verkafen, huet den ale Luc d'Demonstranten souguer an den Eck vun Terroriste geréckelt. Ma wéinst dem massiven Drock vu verschiddenen Organisatiounen, virun allem de Gewerkschaften, huet den ale Luc seng "Lex Greenpeace" nees missen zréckzéien.

Et léich also op der Hand, datt den neie Luc, zesumme mat sengem Double Léon Gloden, gutt zwanzeg Joer méi spéit, probéiert dat ze erreechen, wat den ale Luc 2002 net fäerdegbruecht huet.

Gloden: Et waren déi Gréng!

Deem ass awer net esou. Nach dee selwechten Dag wou den Tageblatt-Artikel publizéiert gouf, huet de Policeminister Léon Gloden genësserlech matgedeelt, datt den Tageblatt-Journalist un engem ale Gesetzprojet geschafft huet, dee vun der viregter rout-blo-grénger Regierung an net vun der aktueller Regierung ausgeschafft gouf.

De Léon Gloden huet d'Geleeënheet net verpasst, ze ënnersträichen, datt et dee grénge Minister Henri Kox war, deen den Text geschriwwen huet, mat deem d'Versammlungsfräiheet an d'Demonstratiounsrecht sollt ageschränkt ginn.

Huerteg huet d'Tageblatt säin Artikel vun hirer Homepage geholl an duerch e Mini-Artikel ersat. D'Redaktioun huet awer net dru geduecht, datt den Internet ni eppes vergësst an den Originaltext nach ëmmer a senger integraler Form am Webarchiv ze fannen ass. Bravo fir den investigativen Journalismus!

Tatsächlech weist de Rapport vun der parlamentarescher Justizkommissioun vum 18. Mee 2022, datt net nëmmen den deemolege grénge Policeminister Henri Kox, mee och déi fréier gréng Justizministesch Sam Tanson zesummen den Avant-projet de loi an der Chamberkommissioun virgestallt a fir drastesch Strofe géint Demonstranten an d'Aféierung vun neien Infraktiounen am Code pénal plädéiert hunn.

Dëst ass emsou méi peinlech, well et ausgerechent eis Beruffsdemonstrante vun der grénger Partei sinn, déi sech an der Vergaangenheet zum Beispill beim Bau vun der Nordstrooss un d’Beem gefesselt hunn, oder bei den Anti-Cattenom-Demonstratioune vun der Police ewechschleefe gelooss hunn, déi der Nofolgergeneratioun hiert Recht, sech ze versammelen, sech ze wieren an op d’Strooss ze goe vermasselen wëllen! Et ass dofir net verwonnerlech, datt déi Gréng sech zu dëser Affär, déi sech quasi als Cadeau fir eng Oppositiounspartei ubitt, bis elo ganz roueg verhalen hunn. Si hu selwer de Pelz voller Fléi!

Gloden: "Mir schafen d'Versammlungsfräiheet an d'Demonstratiounsrecht komplett of"

A sengem Communiqué vum 21. Oktober 2024 huet den Inneminister Gloden präziséiert, datt hien amgaang ass u sengem eegenen Demonstratiounsgesetz ze schaffen, ouni awer an Detailer ze goen. "Luxembourg Jungle" huet de Minister kontaktéiert fir méi iwwert säin avantgardistesche Gesetzesprojet gewuer ze ginn. Am Interview sot hien eis: „Ech hu mam Minister #Luc iwwert déi grouss Linne geschwat a mir sinn eis eens, datt den Text vun de Gréngen zwar an déi richteg Richtung geet, virun allem wat dee repressive Volet ubelaangt, mee datt dat eis awer net wäit genuch geet. An eisem Text schafe mir d’Versammlungsfräiheet an d’Demonstratiounsrecht komplett of. E puer Ausname wäerte weiderhi bestoe bleiwen, an zwar wäerten nëmmen déi Demonstratioune stattfannen, déi virdru vun der Regierung, no intensiver Préiwung, autoriséiert goufen, a wann se eng Plus-value fir d’Land sinn. Eng Manifestatioun géint de Klimawandel? Nëmme wann ech se virdrun ofgeseent hunn. Eng Manifestatioun géint d’Regierung? Vergiesst et! Awer keng Suerg: Demonstratioune fir méi Policepresenz a fir méi haart Strofe ginn natierlech ëmmer geneemegt. Mir maachen eis staark fir de Prinzip vun der geneemegter Meenungsfräiheet." De Léon Gloden huet nach ënnerstrach, datt domat ee wichtege Punkt aus dem CSV-Walprogramm ëmgesat géif. D’CSV hätt sech am Walkampf konsequent fir ee kampffäege Rechtsstaat agesat a versprach, nees fir Uerdnung am ëffentleche Raum ze suergen. "Mat der Ofschafung vun der Versammlungsfräiheet an dem Demonstratiounsrecht mécht d’CSV-DP-Regierung endlech Neel mat Käpp an trefft de Nerv vun der Zäit", huet de Minister Gloden betount. De Minister huet nach ënnerstrach, datt dat neit Anti-Demonstratiounsgesetz nach virun der Refrom vum Aarbechtsrecht, der Rentereform an der Nees-Aféierung vum obligatoresche Militärdéngscht gestëmmt gëtt.

Keng Panik

Also, léif Lieser vum "Luxembourg Jungle", dat ass déi nei Realitéit zu Lëtzebuerg. Eng Realitéit an där Fräiheet an Demokratie just eidel Worthülse sinn. Awer keng Panik: soulaang mir de Léon Gloden an de neie Luc hunn, déi iwwert eist Wuel waachen, kënne mer eise Kapp a Rou leeën an relaxen. Ëmmerhin wësse déi zwee am beschten wat gutt fir eis ass - a wann net, da wäert geschwënn een eis dat geneemegt erklären. Vive déi kontrolléiert a geneemegt Meenungsfräiheet!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0