· 

#Satir | The Battle of the Rackésmillen

Eng Millen am Hamburger-Wahn

An den déiwe Bëscher vun de Lëtzebuerger Ardennen, wou fréier de Mëller Willy Racké d'Käre vun den Awunner gemuelen huet, entsteet e Monument vum gesellschaftlechen Delirium a kulinareschen Déifpunkt.

▲Foto vun der Reklamm vun der Rackésmillen fir den Hamburger-Friess-Concours
▲Foto vun der Reklamm vun der Rackésmillen fir den Hamburger-Friess-Concours

Déi historesch Waassermillen, an där och haut nach ëmmer houfreg dat restauréiert Millerad dréint an dat geleegentlecht Geklappers drun erënnert, dass dëst mol eng Kéier eng Anlag war, déi onentbirlech war fir d'Hirstellung vun eisem deegleche Brout, gouf an eng Arena transforméiert, wou modern Gladiatoren géint gigantesch Fleeschbierger untrieden.

Wëllkomm zu Äischer, do, wou normalerweis d'Zäit stoebliwwen ass - ausser wann et ëm d'Iesse geet. Hei am hellege Friesstempel vun der Rackésmillen ginn net nëmme Käre gemuelen, mä och den Appetit vun deenen, déi sech trauen den XXL Burger ze probéieren. De Syndicat d'Initiative vu Klierf, deen dës gastronomesch Attraktioun bedreift, huet keng Méi gescheit fir sécherzestellen, datt d'Duerfbewunner un hir Grenzen goe kënnen - alles am Numm vun der ëffentlecher Hand.

Déi neist Attraktioun? En Hamburgerfriessen, mat deem och déi couragéierst Éisser an d'Knéien gezwonge ginn. D'Facebook Annonce versprécht eng Schluecht, déi an d'Annalen agoe wäerd: "❗️Hien ass HEI! Kommt an test Är Grenzen mam XXL BURGER CHALLENGE. Zwee Pouletsfileten a Panko panéiert, geschmolzene Kéis, Kabeszalot, Geméis, Ënnen, hausgemaachten Zooss a Brioche-Bréitchen, Fritten an een Humpen" - e richtegt Meeschterwierk vun der Fressgier.

Ouni Messer a Forschett

Mee dat ass net alles. Déi eigentlech Herkulesaarbecht besteet doranner, dëse kolossale Burger ouni Messer a Forschett z'iessen. Well, wéi d'Rackésmillen präziséiert: "PS: Ah jo, et muss ouni Besteck giess ginn, soss ass et ze einfach." Et wier schliisslech ze banal, wann dëse Fleeschbierg mat ziviliséierte Mëttelen erobert kéint ginn. Dem Gewënner seng Foto gëtt als Erënnerung un dat onvergiesslecht kulinarescht Erliefnis am Restaurant opgehangen, deelt d'Rackésmillen mat.

Fir d’Vegetarier ënnert eis – jo, ech schwätzen aus Erfahrung – ass dëse Spektakel dee rengsten Horror. Mä an engem Land, wou Iessen an Drénken zu engem Hellegtum erhuewe gouf a wou keen Dëppefest a kee Flyer ouni den obligatoresche an iwwerliewenswichtege Slogan "Fir Iessen an Drénken ass gesuergt" auskënnt, wonnert et kaum, datt esou ee Friessconcours ausgerechent hei zu Lëtzebuerg stattfënnt.

Also, léif Duerfbewunner, huelt Är Servietten a maacht Iech prett fir dës häerzhaft Schluecht an der Rackésmillen. Well zu Äischer ësst een net nëmmen – hei gëtt d’Geschicht geschriwwe, Maufel fir Maufel. An déi, déi der Meenung sinn, si géifen dee Fleeschklompe packen, solle gewarnt sinn: Passt op, datt den XXL Burger iech net am Hals stiechen bleift an erënnert Iech drun, datt net all Schluecht et och wierklech derwäert ass, geféiert ze ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0