Sou frësch, sou Frankenstein
Aaah! D'Lëtzebuerger Landwirtschaft - vum idyllesche Feld direkt an de Gen-Laboratoire! Firwat sech och mat der Natur erëmschloen, wann een d'Biologie "honnertdausend Mol" austrickse kann?

D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet der Gen-Technologie am Interview mam soziokulturelle Radio 100,7 de rouden Teppech ausgerullt. Nodeems d'EU-Landwirtschaftsministeren de 24. Mäerz 2025 zu Bréissel gréng Luucht ginn hunn, ass d'Revolutioun am Gaang.Fir d'Geméis vun der nächster Generatioun ze ziichten ass kee gréngen Daum méi néideg. D'Gen-Schéier ass lo gefrot.
D'Martine Hansen berouegt: "Et gi keng nei Gen-Elementer agebaut, mee se gi präzies mat der Gen-Schéier erausgeschnidden." Ee klenge Schnatt mat der Gen-Schéier, an zack! - schonn ass et eriwwer mat der biologescher Trentelerei. "An der Natur geschitt dat do honnertdausend Mol, just do dauert dat eng Éiwegkeet", huet d'Martine Hansen dobeigefügt.
Wéi praktesch! Da brauche mer elo net méi op d'Natur ze waarden, datt déi hir Aarbecht mécht. Mat der Gen-Schéier maache mer dat lo bequem an hirer Plaz - a virun allem vill méi séier. Op méiglech Geforen ugeschwat, hakt d'Martine Hansen dat Thema geschéckt of: "Dat kann een herno an de Produkter guer net noweisen." Wonnerbar, gell? D'accord, d'Landwirtschaftsministesch gëtt zou: "Et kann een ni zu 100 Prozent sécher sinn." Tjo, den onberechebare Risiko vun der Fuerschung.
De Klimawandel ka kommen - mir si prett
Fir d''Martine Hansen ass d'Gen-Technik eng Waff, mat där een dem Klimawandel zevirkomme kann. "Mir musse séier kënnen op de Klimawandel reagéieren", huet si um Radio gesot. An anere Wierder: Amplaz de de Problem bei der Wuerzel ze bekämpfen, bekämpfe mer d'Symptomer. Firwat och géint de Klimawandel virgoen, wann een d'Planzen esou beaarbechte kann, datt se standhaft bleiwen. D'Natur huet versot, also musse mer reagéieren. De Klimawandel kann lo kommen, mir si prett!
Op déi Manéier géife manner Planzeschutzmëttel gebraucht ginn, huet d'Landwirtschaftsministerin versprach. D'Gen-Technologie ass also een Alliéierten vum Ëmweltschutz - oder vill méi vun der Ekonomie, well d'Zil ass kloer: eng "rentabel" Landwirtschaft, déi "kompetitiv" um Weltmaart ass, an déi eis manner ofhängeg vun Drëttlänner mécht. Konkret heescht dat also: wat méi genmanipuléiert Produkter ugebuede ginn, wat besser fir d'Ëmwelt a jiddereen.
Gutt fir d'Konzerner an niewebäi och fir de Rescht
D'Patenter vun der Gen-Technologie sinn zwar an den Hänn vun de multinationale Konzerner, ma d'Martine Hansen gesäit doranner kee Probleem: "Glécklécherweis ginn et grouss Entreprisen, déi an d'Fuerschung investéieren."
Um Enn landen d'Friichten vun dëser brillanter Innovatioun net nëmmen op eisen Telleren, mee och an de gutt gefëllten Täsche vun de Konzerner aus dem Secteur vun der Agro-Industrie. Awer keng Suerg: Soulaang d'Genen sech net mucksen an de Goût vum Geméis nach ëmmer "natierlech" ass, ass jo alles an der Rei - oder éieren awer net?
Kommentar schreiben