· 

#Satir | De grousse Knall

An d'Mënschheet schléift weider

Huet d'Mënschheet de Knall net héieren? Oder ass d'Säbelgerassel vun eise Politiker esou staark, datt et all Warnsignaler iwwertéint?

Nach am Februar dëst Joer huet de franséische President domat getéint, Zaldoten an d'Ukraine ze schécken, huet sech awer anscheinend um Napoléon seng spektakulär Néierlag a Russland am Joer 1812 erënnert an huet du scho virun der Schluecht kapituléiert. Am Juni 2024 huet de President Macron Neiwalen ausgeruff, bei deene seng Partei eng kräfteg Néierlag erlidden huet. 1812, 2024 - en Déjà-vu, dee viraus ze gesi war.

D'Konservativ Partei vum fréiere britesche Premier Minister Rishi Sunak huet eng änlech spektakulär Néierlag bei de Neiwalen am Juli 2024 erlidden, nodeems Groussbritannien der Ukrain am Abrëll ee Militärhëllefspaket am Wäert vun enger halwer Milliard Pond Steiergelder zougesprach huet. En ordentlecht Léiergeld fir d'Säbelgerassels!

Och d'Partei vum 82 Joer alen desorientéierten US-President Biden, deen d'Ukraine bis elo mat 84 Milliarden Dollar ënnerstëtzt huet, huet bei de Wale vum 5. November eng historesch Néierlag missten astiechen, a verléiert net nëmmen d'Presidentschaftswalen, mee och d'Kongresswalen. En deiere Präiss fir e bësse geopolitescht Schachspill. An de Präis kéint nach méi héich ginn!

Obwuel d'Wieler sech an alle Fäll kloer ausgedréckt hunn, fueren d'Politiker monter weider, sou wéi wann näischt geschitt wier, streng nom Motto "Nëmmen näischt änneren!". Si bretze sech mat hire Muechtspillercher a verléieren d'Realitéit aus den Aen. Souguer eist klengt Lëtzebuerg huet ugekënnegt, eng Rekordzomm vun 2,6 Milliarden Euro an d'Oprüstung ze stiechen. Ee klenge Grand-Duché mat groussen Ambitiounen.

D'Politiker spille mat de Muskelen, datt ee mengt, si géifen sech op déi nächst Olympiad virbereeden - am Säbelrabbelen.

An eis Medien? Amplaz d'Krichshysterie kritesch ze hannerfroen, spillen si sech als Pionéier op a verbreeden dichteg Krichspropaganda.

Sollt et wierklech zum grousse Knall kommen, sëtzen eis Politiker wuel längst am Bunker a genéissen hire Schampes - fir d'Nerven ze berouegen. Luxusbunkere sinn déi nei Wellness-Oasen - mat Schampes, Kaviar an engem Panikraum fir déi wierklech haart Momenter.

An Zivilgesellschaft? Si huet sech deen ale Sponti-Sproch aus den 1980er Joren zu Häerz geholl "Stell der vir, et ass Krich a kee geet dohinner" - well jiddereen ass zevill domat beschäftegt, déi lescht Staffel vun der neitster Netflix-Serie ze streamen. Do bleift keng Zäit méi, sech Gedanken iwwert de Weltfridden ze maachen. D'Zivilgesellschaft schéngt an een déiwe Dornröscheschlof gefall ze sinn - just datt kee Prënz kënnt fir se waakreg ze maachen.

Vläicht hëlleft ee Wecker?


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0