· 

#Satir | Fräiheet, Mënschlechkeet, Fridden

De Karlspräis 2025 geet un d'Ursula von der Leyen

Nodeems de Karlspräis 2023 un den ukrainesche President Zelensky vergi gouf, dee léiwer d'Wahlen ofgesot huet, wéi säi Mandat ze verléieren, schéngt et ganz natierlech, datt de prestigiéise Präis dëst Joer un d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun geet.

D'Initiativ vum Karlspräis geet zréck op de Kurt Christian Theobald Pfeiffer, e Kleederhändler, NSDAP-Member a Matgrënner vun der CDU vun Oochen. Nom Krich, 1949, wollt de Pfeiffer Perséinlechkeeten éieren, déi sech besonnesch "für das Gemeinsame und Verbindende des abendländischen Raumes und abendländischer Kultur “ asetzen. D'Laureate vum Karlspräis mussen sech duerch hiren Asaz fir Fräiheet, Mënschlechkeet a Fridden ausgezeechent hunn. De Begrëff "Abendland" ass synonym mat der „westlecher Welt“ an hire Wäerter wéi dem Chrëschtentum an der Demokratie, am Géigesaz zum Morgenland, dem Orient, fir deen dës Wäerter offensichtlech net zoutreffen. Déi präisgekréinte Perséinlechkeeten gëllen laut Erklärung vun 1949 als "Virbiller".

Ee vun de Virbiller war den däitschen Tyrann a Keeser Karl de Groussen (747 – 814), no deem de Karlspräis benannt ass. Haut gëtt de Karl de Groussen dacks als guttmiddegen, toleranten an opgeschlossene Mënsch duergestallt, deen sech scho viru méi wéi dausend Joer fir Europa an seng Wäerter agesat hätt. Dobei war hien e Krichsdreiwer, en Autokrat, deen d'Leit gewaltsam zwangschristianiséiert, d'Vollek duerch seng sëllege Kricher an d'Aarmut gestierzt an dausenden Oppositioneller bei senge bluddegen Eruerwerungskricher higeriicht huet.

Elo gesellt sech eng weider Krichsdreiwerin an de Palmarès, déi der Korruptioun beschëllegt gëtt, net gewielt ass an net an der Lag ass, Europa ze eenegen. Ni virdrun war d'Kluft tëscht West- an Osteuropa esou grouss, ni virdrun war d'Ënnerwerfung ënner d'USA an de Verloscht vu Souveränitéit esou evident, ni virdrun huet eng Präsidentschaft Europa wirtschaftlech an esou eng katastrophal Situatioun eramanövréiert, ni virdrun huet sech en europäesche Politiker esou wäit vun den einfache Leit ewech beweegt wéi déi aktuell Presidentin vun der Kommissioun.

Fir d'Ursula von der Leyen ass de Karlspräis natierlech de Ritterschlag. Si kann sech elo an déi glorräich Lëscht vun de Friddensverfechter areien – nieft dem Karl de Groussen, dem Pionéier vun der "doucer Christianiséierung", an anere geschätzte Berühmtheeten. Hoffe mer, datt si schonn eng Plaz um Kamäin fir dës Medaille vun der Ironie fonnt huet. Vläicht ass dëst och Balsam op dat erdréckend Gewiicht vun de Korruptiounsvirwërf. Wee brauch schonn e vereent Europa, wann een e Präzedenzfall fir den ironeschen Ëmgang mat politesche Katastrophen schafe kann?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0