De Minister, dee keng Diskussioune wëllt
An enger Welt, wou den Aarbechtsminister op eemol spuerlos verschwënnt, bleift d'Fro: Huet de Georges Mischo Angscht virum Mikro oder virum Sozialdialog?
De Georges Mischo huet sech nees a leschter Minutt aus enger schwiereger Situatioun erausgezunn. Wéi RTL mellt, huet d'Emissioun "Face-à-face" gëschter ouni den Aarbechtsminister stattfonnt. De Minister Mischo hat decidéiert, einfach net do opzetauchen, obwuel de Sozialdialog an aner wichteg Punkten am Mëttelpunkt vun der Emissioun stoungen. Iwwreg bloufen d'OGBL-Presidentin Nora Back an den CSV-Fraktiounschef a Parteikolleg vum Georges Mischo, de Marc Spautz.
An der Aarbechtswelt ass de Georges Mischo net beléift, well hie léiwer alles eleng mécht, ouni en Dialog ze féieren. De Gewerkschaften hat hien am Oktober ze verstoe ginn, hir Meenung wär irrelevant, well si souwisou keng "Plus-value" duerstelle géif. Wourop d'Gewerkschafte mat engem geharneschte Communiqué reagéiert haten. Erënnere mer och um Georges Mischo seng sëllegen Alleingäng, zum Beispill fir de Kollektivcongé am Bausecteur ofzeschafen oder d’Ëffnungszäiten am Commerce vu 5.00 bis 22.00 Auer ze verlängeren an d'Sonndes- an d'Feierdeegsaarbecht ze generaliséieren. Am meeschte rosen sinn d'Gewerkschaften awer iwwert dem Aarbechtminister säi Virstouss, dass an Zukunft Kollektivverträg ouni Bedeelegung vun de Gewerkschaften verhandelt kënne ginn, wat ee klore Verstouss géint lëtzebuergescht an europäescht Recht ass.
Mat sengem No-Show vu gëschter um Radio, huet de Georges Mischo op en neits bewisen, datt hien de Sozialdialog genee sou vill schätzt wéi e Vampir Sonneliicht.
Huet de Minister keng Argumenter? Oder fäert hien einfach, datt d'Nora Back an de Marc Spautz hien an de Buedem argumentéieren? Wärend de Georges Mischo weider seng Spillercher dreift, kann een nëmmen hoffen, datt de Sozialdialog nees hirgestallt gëtt. D'Gewerkschaften hunn him haut en Ultimatum gestallt, soss kéim et den 28. Juni zu Aktiounen op der Strooss.
Luxembourg Jungle hat d'Chance, den Aarbechtsminister Mischo ze erwëschen an him e puer Froen ze stellen.
Luxembourg Jungle: Här Minister, firwat hutt Dir decidéiert, net un der Radiosendung matzemaachen?
Georges Mischo: Ma, ech hat einfach keng Loscht an hat keng Zäit. Ech war ze vill domat beschäftegt, d'Aarbechtszäite vun de Salariéen ze flexibiliséieren.
Luxembourg Jungle: Verschidde Kritiker soen, Dir hätt Angscht virum Sozialdialog. Wat sot Dir dozou?
Georges Mischo: Angscht? Nee, deen heite fäert guer näischt. Ech hunn allerdéngs eng Virléift fir de Solo-Dialog - do brauch ech op kee Rücksicht ze huelen an ech hunn ëmmer Recht.
Luxembourg Jungle: A wéi erkläert Dir Är rezent Ausso, datt d'Meenung vun de Gewerkschaften keng "Plus-Value" duerstellt?
Georges Mischo: Dat war e Mëssverständnis. Ech hu gemengt, datt d'Gewerkschafte keng Pluspunkten a menger perséinlecher Bewäertungslëscht hunn. Sou einfach ass et.
Luxembourg Jungle: Här Minister, d'Gewerkschaften hunn elo e Pressecommuniqué publizéiert, wou Dir beschëllegt gitt, de Lëtzebuerger Sozialmodell permanent a systematesch ze attackéieren. Si hunn Iech en Ultimatum gestallt an ugekënnegt, datt et den 28. Juni zu massiven Aktiounen op der Strooss komme wäert, wann Dir esou weidermaacht. Wéi geet et elo virun?
Georges Mischo: Oh, dat ass just waarm Loft. Ech si sécher, d'Gewerkschaften kéinten hir Energie besser notzen. Sollten si awer trotzdeem en Opstand plangen, da proposéieren ech hinnen, virdrun un engem Workshop a mengem Ministère deelzehuelen. Dat gëtt hinnen d'Méiglechkeet, hir Demonstratiounen besser ze organiséieren an hir Flexibilitéit ze verbesseren.
Kommentar schreiben