· 

D’Logik vun de Reserven

Wéi Lëtzebuerg de Sprit schützt – virun de Leit


Vun eisem Korrespondent Ben Sinn


De Sprit ass deier. Dat wësse mer. D'Regierung weess et och. An d'Regierung handelt praktesch a konsequent. Si schützt. Si passt op. Si gräift an.

Allerdéngs net zu Gonschte vun de Bierger.

Fir d'Reserven.

Fotomontage vun enger zougespaartener Tankstell mat roud‑wäissem Sécherheetsband an dem Text "Accès verbueden – kéint Tanktourismus ausléisen". Satiresch Duerstellung vun der Lëtzebuerger Spritpolitik.
▲ Accès verbueden – fir d'Reserven ze schützen. D'Lëtzebuerger däerfen awer gären an d'Grenzregioun tanke goen.

Dem Spriecher vum Wirtschaftsministère seng Erkläerung ass ganz plausibel:

"Wat de Spritpräis un der Pompel ugeet, hätt d'Regierung d'Méiglechkeet, dësen entweder iwwert d'Accisen oder d'TVA ze beaflossen. Wann Diesel a Bensinn méi bëlleg géinge ginn, kéint dat awer negativ Auswierkungen op d'Reserven hunn."

Iwwersat: Wann de Sprit bëlleg gëtt, tanken d'Leit. An dat dierf net geschéien.

Ma de Spriecher vun der Regierung ass nach net fäerdeg:

"Mir hu ganz attraktiv Präisser op der Pompel hei an der Groussregioun. Mir hunn och doduerch ee gewëssen Tanktourismus, wat mer kennen, dat ass eng Situatioun mat där mer kënnen ëmgoen. Wa mer awer elo an eng Richtung géinge goen, wou de Präis nach méi attraktiv wier, wier et sou, datt mer nach méi Consommatioun géingen unzéien an doduerch genau an där Situatioun riskéiere géingen, a Versuergungsenkpäss ze kommen."

Am Kloertext: Wann de Sprit méi bëlleg gëtt, tanken d'Leit. A wann d'Leit tanken, ass de Sprit fort. A wann de Sprit fort ass, hu mer keen. A wa mer keen hunn, hu mer en net. A wa mer en net hunn, hu mer e Problem. Also léise mer de Problem, andeems mer näischt maachen.

Also bleift en deier. Fir datt en do bleift wou en ass. Fir datt keen en hëlt. Fir datt mer en hunn. Schéi stockéiert, wou keen drukënnt. Wéi en Denkmal. E Lëtzebuerger Nationaldenkmal aus Diesel a Bensinn. Mat enger klenge Plaquette drënner:

"Zu Éiere vum Sprit, deen ni genotzt gouf."

Dat ass wéi e Restaurant, dee keng Pasta méi servéiert — well d'Clienten se kéinten iessen.

A wann d'Clienten an d'Spënnche kucke ginn, gesinn se: d'Pasta ass do. Méi wéi genuch. Mee de Patron späert d'Dier zou. D'Pasta bleift an der Spënnchen, sécher, geschützt, onberéiert. Fir d'Reserven.

Ma elo kënnt de Clou — an deen ass wierklech schwéier ze iwwertreffen:

A Frankräich ass de Sprit op verschiddene Pompele mëttlerweile méi bëlleg wéi zu Lëtzebuerg. Dat heescht: den Tanktourismus geet elo an déi aner Richtung. D'Lëtzebuerger fueren iwwer d'Grenz — fir do ze tanken.

D'Regierung huet d'Reserve gerett.

D'Fransousen hunn d'Clienten.

An d'Lëtzebuerger? Kënne weider blechen.

Béis Zonge behaapten, de Wirtschaftsminister géif am léifsten direkt e Sécherheetsbändchen ëm d'ganz Land zéien: Accès verbueden – kéint Tanktourismus ausléisen. Fir sécher ze sinn, datt d'Reserven och wierklech Reserve bleiwen.

Ben Sinn



Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0