De Jean-Paul Endré, gebuer den 31. Juli 1960, ass zu Esch/Uelzecht opgewuess an huet 1981 do ugefaangen als Enseignant ze schaffen. Bekannt als "Teacher", huet hien am Joer 2002 d'Kannergeschicht "Edgar der Rabe" geschriwwen, eng Abenteuergeschicht, déi fir den Ëmweltschutz sensibiliséiert a bei den Éditions Phi erauskoum.
De Jean-Paul war awer virun allem bekannt als Frontmann vun der Escher Kultband "Djuju", déi hien 1983 matgegrënnt huet. Als Sänger a Gittarist huet hien d'Publikum mat enger eenzegaarteger Mëschung aus Latäinamerikanesche Rhythmen, Funk, Reggae a Rock begeeschtert. D'Band, déi Concerten uechter d'Land an och iwwer d'Grenzen eraus ginn huet, huet ëmmer fir eng gutt Ambiance gesuergt.
Als Erënnerung un de Jean-Paul Endré, dee gëschter am Alter vu just 64 Joer vill ze fréi gestuerwen ass, deelen ech hei dee wuel kultegsten, witzegsten a beschtgemaachte Museksvideo, dee Lëtzebuerg jee gesinn huet: Humeur stressée (an der laanger Versioun).
R.I.P.
Kommentar schreiben