· 

Ausweisung vum iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh

Wéi relevant ass de Kulturminister?

An engem gudde Leitartikel am Luxemburger Wort geet de Marc Thill, Chef vun der Kulturredaktioun, nach emol op déi skrupellos Ausweisung vum iranesche Kënschtler an Architekt Alborz Teymoorzadeh an.

▲ Zu Lëtzebuerg ass Konscht a Kultur just geduld, wann se eng Plus-Value fir d'Ekonomie schaaft. Bild: stern.de
▲ Zu Lëtzebuerg ass Konscht a Kultur just geduld, wann se eng Plus-Value fir d'Ekonomie schaaft. Bild: stern.de

Den Alborz Teymoorzadeh gouf Ufang Oktober aus dem Land geheit, well seng Aarbecht an der Fotografie an der Architektur an den Aen vun der Regierung keng "Plus-Value" fir d'Lëtzebuerger Ekonomie duerstellt. A wien suz net um Verhandlungsdësch? Richteg, de Kulturminister! Vläicht war de Kulturminister zevill am Dusel mat all de Konschtbiennalen a Bicherfoiren wou hien higereest ass.

Mee bon, eppes hu mer geléiert: Fir de neie Luc muss d'Kultur sech rechnen, si muss wirtschaftlech vu Notze sinn, si muss eng Plus-Value generéieren. Soss huet se näischt an eiser Gesellschaft verluer. Dozou den Artikel am Wort vum 18. Oktober 2024.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 0