Wann Emotiounen a Verdauungsproblemer d'Politik dominéieren
An enger Zäit wou politesch Decisiounen eigentlech op rationalen Tatsaachen an op Fakte baséiere sollten, schéngt Lëtzebuerg en anere Wee anzeschloen. De neie Luc a säin Inneminister Léon Gloden hu viru kuerzem mat hiren emotionalen Aussoen fir Opreegung gesuergt. Wärend beim Premier Luc "Tréinen do waren" mécht de Léon Gloden "Politik aus dem Geträips". Ass de gesonde Mënscheverstand net méi gefrot?
De Premier Luc war zudéifst schockéiert vum Zelensky sengem Skandal-Treffen am Wäissen Haus an huet um Mikro vun RTL gesot: "D'Tréine waren do, ech war schockéiert." Woumat hien dem Land bewisen huet, datt hien absolut net dee Politiker mam kalen Häerz ass, fir dee jiddereen en hält. Ween hätt geduecht, datt eise Premierminister sou no um Waasser gebaut wär.
Wéi wann et mam Premier senger Ausso net duergaange wier an d'Land dovun ausgaangen ass, déi wier net méi ze toppen, sou huet den Inneminister Léon Gloden de selwechten Dag, och op RTL, nach eng Schëpp nogeluecht: "Politik gëtt och aus der Träip eraus gemaach", huet hie gesot a betount, datt an der Politik net nëmmen d'Fakten zielen, mee och dat, wat d'Leit op der Strooss oder am Bistro zielen.
Dës Aussoe beliichten déi emotional Säit vun der Lëtzebuerger Politik a weisen drop hin, datt d’Bauchgefill a perséinlech Emotiounen am Gaang sinn, d’Iwwerhand ze kréien.
Ma wat bedeit dat fir d'Zukunft vum Grand-Duché? Wäerten d'Entscheedunge weider op zolitte Fakte baséieren, oder gëtt d'Politik vun de Launen an de Gefiller vun de Politiker bestëmmt?
Kommentar schreiben