Wéi den "American Dream" zu engem Albdram fir d’Reesindustrie gëtt
Zu Lëtzebuerg gëtt eigentlech Präzisioun héich geschat – ausser natierlech, wann et ëm d’Reese geet, dem Lëtzebuerger säi beléiftsten Hobby. Da verschwënnt dës Eegeschaft genee sou séier wéi d’Vakanzebuchunge selwer.
A manner wéi enger Woch huet Travel Group Luxembourg senge Lëtzebuerger Clienten, fir déi d'Vakanz bekanntlech genee sou wichteg ass, wéi eng Shoppingtour an der Belle Étoile oder de gebakene Fësch um Oktavmäertchen, eng richteg Aachterbunn vu Meenungen iwwert d'USA-Reesen gebueden - sou turbulent, datt et souguer der Fräiheetsstatue schwindeleg gouf.
De 4. Abrëll 2025 huet Travel Group Luxembourg op RTL berouegt: "Nach näischt Dramatesches." 9 Prozent Réckgang bei den USA-Buchungen ass net emol derwäert, driwwer ze schwätzen. “Den Dollar ass Schold, d'Präisser an Amerika sinn ze héich” – awer soss: alles ganz normal.
Knapps eng Woch méi spéit, den 12. Abrëll, huet d'Reesfirma op eemol am " Wort" Alarm geschloen: "Natierlech, dat ass vill." De Réckgang ass op eemol keng 9 mee 20 Prozent. Schold ass op eemol net méi den Dollar oder déi héich Präisser, mee dem US-President Trump seng onberechebar Politik.
An da kënnt et knëppeldéck: Dem "Wort" no läit de Réckgang vun de Reese an d’USA tatsächlech bei 43 Prozent - eleng fir Lëtzebuerg! D'Zeitung berifft sech op déi rezent Zuelen vum US-Handelsministère. D'Zuele sprangen hin an hier, wéi um Brodway - just dass Travel Group Luxembourg d'Kontroll iwwert d'Choreographie verluer huet. Virun enger Woch houscht et nach, datt nëmmen eng Persoun hir Rees annuléiert hätt. Elo héiere mir vu "betraffene Clienten", déi sech iwwer d'Machbarkeet vun hirer Rees besuergt weisen. Vläicht huet déi betraffe Persoun an der Tëschenzäit e Fanclub gegrënnt?
USA-Rees: Chaos oder Albdram?
Keng Panik, seet Travel Group Luxembourg: "D'USA kënnen och haut nach ouni Bedenken ugesteiert ginn." Abschiebehaft? Refus vun der Arees? Den Handy no regierungskritesche Posts duerchwullt? Alles just Detailer, déi awer den "American Dream" net zerstéieren. Bleift um Enn just d'Hoffnung, datt aus dem "American Dream" keen Albdram gëtt.
Enger STATEC-Étude vun 2024 iwwert d’Reesgewunneschte vun de Lëtzebuerger no, verbréngt all Résident 36 Nuechten zu Fräizäitzwecker ausserhalb vun doheem – méi, wéi mer Congé hunn! Mir setzen eis domat un d’Spëtzt vun der Europäescher Unioun. Laut Statistik, sinn 2024 nëmme 17 Prozent vun der Bevëlkerung opgrond vun hirer sozialer Situatioun net gereest. 4 Prozent vun de Vakanzen hunn d'Lëtzebuerger an d’USA geféiert – ee lukrative Marché deemno.
Luxembourg Jungle réit senge Lieser, einfach net an d’USA ze fléien, well domat ginn 2 Tonnen CO2-Emissioune pro Persoun gespuert. Mat engem Fluch an d’USA kann een entweder 100 Beem ee Joer laang wuesse loossen oder bal zwee Joer laang all Dag 20 Kilomter mam Auto hin an hier pendelen.
Kommentar schreiben