· 

#Satir | Den heroesche Kampf géint Zigarettestëmp

Den neie #Luc: Emweltheld oder Oflenkungskënschtler?

Wee seet dann, datt den neie #Luc näischt fir eis Ëmwelt iwwreg hätt? Gëschter koum déi spektakulär Nouvelle: D'Regierung huet den Zigarettestëmp de Kampf ugesot!

Dem neie #Luc gëtt zu Onrecht virgeworf, hien hätt kee Sënn fir Natur an Emweltschutz. Nëmme well eng vu sengen éischten Amtshandlungen dora bestanen huet, de Schutzstatus vu ronn 400 vu 500 uralen "arbres remarquables" opzehiewen an domat gréng Luucht ze ginn fir se ëmzehaen, heescht dach nach guer näischt. Mam Ophiewe vum strenge Schutz vum Wollef an der Erlaabnis, de Canis lupus an Zukunft ofzeknallen, wëllt hien eis dach just schützen. Och d'Ofschwäche vum Schutz vu Biotopen a vun den Déieren op der Rouder Lëscht ass berechtegt, well mer brauche jo Bauland fir nei Residencen a Schongkëschtenhaiser. De neie #Luc war schliisslech net fir näischt kuerz virun de Wale mat den Haaptpromoteuren Georgetti a Besix Red an de Gourmet-Restaurant op Monnerech iessen.

Plastikoffall? Just eng Bagatelle!

Mat senger Natur- an Ëmweltpolitik huet den neie #Luc sech bis elo net vill Frënn gemaach. Et ass also un der Zäit, dem Land ze weisen, datt hien awer keen sou ee Béisen ass, wéi hien an de Kommentarspalten vun der Press an an de soziale Medien duergestallt gëtt, mee datt hie wierklech ëm eis Ëmwelt besuergt ass. Well de #Luc ee villbeschäftegte Mann ass, huet hien seng Ëmweltberoderin aus der Ëmweltverwaltung, Sophie Thinnes, op de Radio geschéckt fir déi nei Prioritéit vun der Regierung virzestellen: de Kampf géint Zigarettestëmp. 

D'Madame Thinnes ass nämlech eng Zigarettestompspezialistin an dowéinst déi ideal Persoun fir der Regierung hir nei Sensibiliséierungcampagne ze erklären. Zu Lëtzebuerg leien 100 Milliounen Zigarettestëmp um Buedem! Dat sinn der vill an d’Ëmweltverwaltung huet laang dru geschafft fir se ze zielen. Anersäits falen zu Lëtzebuerg all Joer méi wéi 50.000 Tonne Plastiksoffall un. Awer dat ass eng aner Geschicht, do si besonnesch d'Verpackungsindustrie an den Handel gefuerdert. Ma déi traut sech de neie #Luc net, ze kritiséieren. Mat DuPont de Nemours a mam Cactus wëll hie schliisslech kee Kaméidi kréien. De riesege Bierg vu Verpackungsmüll land souwisou am Mier, awer déi 100 Millioune Zigarettestëmp bleiwen um Lëtzebuerger Buedem leien!

Wéi praktesch: den neien #Luc kann elo zwou Mécke mat engem Schlag schloen. Engersäits kann hien säin Ëmweltbewosstsinn endlech ënner Beweis stellen, anerersäits huet hien direkt e Sënnebock fonnt, nämlech d'Fëmmerten!

Spezialbrigade géint Zigarettestëmp: déi nei Ëmweltpolizei

A wann de neie #Luc et fäerdeg bréngt, den Zigarettestomp-Terror an d'Käpp vun de Leit ze bréngen an en zu engem grousse Skandal eropzespillen, da geet seng Rechnung op. Da réckelt dat bloalgeverseuchtent Stauseewaasser, d'Bëschstierwen, den Déiereschutz, déi lästeg Glyphosatdiskussioun oder d'Zoubetonéierung vun eise Landschaften an den Hannergrond. Jiddereen schwätzt dann nëmmen nach vun de kriminelle Fëmmerten, déi ongenéiert Honnerte vu Milliounen Zigarettestëmp einfach op de Buedem puchen, datt ee vun elauter Zigarettestëmp keng Natur méi gesäit. Den neien #Luc huet esouguer geplangt, eng speziell Brigade mobile ze schafen, déi de Fëmmerten oplauert a se schwéier bestrooft wa se hir Zigarettenstëmp net uerdungsgeméiss entsuergen.

Wann also deemnächst nees e Biotop zerstéiert gëtt oder e puer ural Beem ëmgeha ginn, da reegt iech net op: et ass fir de gudden Zweck - schliisslech wëlle mer wuessen, an dofir brauche mer Bauland, dat muss zoubetonéiert ginn. Loosse mer eis vun elo un also op d'Zigarettestëmp konzentréieren - zur Léift vun eiser Ëmwelt.

A wie weess, vläicht kritt den neie #Luc enges Daags souguer eng Medaille fir seng heroesch Efforte géint Zigarettestëmp - wärend déi lescht Beem applaudéieren.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0